D’Oppositioun freet sech, wéi d’Rechnung soll opgoen
Et géingen nach wichteg Detailer feelen, fir ze verstoen, wéi de Plang vun der Regierung soll ëmgesat ginn.
D'ADR kritiséiert um Budget vun der neier schwarz-bloer Regierung, dass net genuch gespuert gëtt. Et wier enttäuschend, dass eng Scholdepolitik op Käschte vun den nächste Generatioune géing gemaach ginn. Et kéint een duerch de Budget net gesinn, wou dës Regierung d'Land histeiert, esou de Fred Keup. De Fraktiounschef huet vun engem Budget vum Minus an ouni Ambitioune geschwat.
"De Wollef am Schofspelz" ass den Titel, deen déi gréng Deputéiert Sam Tanson der Presentatioun vum Budget géing ginn. Well vu manner Staatsschold a manner Depensë geschwat gëtt, mee op der anerer Säit e wichtegen Deel vun de Recetten, nämlech d'Betribssteieren, solle reduzéiert ginn. Et géing ee sech froen, ob den Deputéierten net alles gesot géing ginn, oder wéi déi Rechnung soss soll opgoen.
Nei a konkret Mesurë géint den Aarmutsrisiko, dat huet der grénger Deputéierten an der Budgetspresentatioun gefeelt. D'Moossnamen, déi déi gréng Deputéiert begréisst, wieren an enger gewësser Kontinuitéit zu der viregter Regierung. Wat d’Nohaltegkeet ugeet, wéilt si awer en Aen drop halen. Ma d’Kontinuitéit géing awer och bedeiten, dass sech näischt Neies ze erwaarden ass. Notamment an der Mobilitéit.
Genee dat kritiséiert awer d'ADR. Et géing mat enger Ideologie weidergemaach ginn, déi ze vill kascht an déi vun de Wieler dem Fred Keup no bei de Chamberwalen am Hierscht ganz kloer ofgewielt gouf.
D'Land vun der Mëttelschicht?
Wann dovunner geschwat gëtt, dass Lëtzebuerg e Land vun der Mëttelschicht ass, dierf een net vergiessen, dass et awer och aner Leit ginn, wéi elengerzéiend Elteren, déi de Mindestloun verdéngen. Dat sot d'Fraktiounscheffin vun der gréisster Oppositiounspartei, d'Taina Bofferding. Si huet bedauert, dass virun allem d'Kanneraarmut guer net ugeschwat gouf. Och wat d'Aarmut allgemeng ugeet, wier et net ze verstoen, dass keng konkret Mesurë genannt goufen. D'Entlaaschtunge fir elengerzéiend Elteren a Wittleit ginn der LSAP net wäit genuch.
D'Rapportrice fir de Budgetsprojet, d’CSV-Deputéiert Diane Adehm, wollt d’Kritik vun der LSAP, dass d’Kanneraarmut vergiess gi wier, esou net stoe loossen. Wann zum Beispill duerch steierlech Mesuren eppes fir d’Eltere gemaach gëtt, da kënnt dat de Kanner och zegutt.
Ëffentlech Hand kënnt am Logement ze kuerz
Wéi aner Deputéierten aus der Oppositioun bedauert och den David Wagner vun Déi Lénk, dass de soziale Volet net méi Plaz krut an der Presentatioun vum Budget. Besonnesch wat de Logement ugeet, géing déi haiteg Regierung de "Service Minimum" virgesinn. De Rescht géing dem Privatsecteur iwwerlooss ginn. Ma genee d’Wunne bleift fir déi Lénk awer ëmmer nach den Haaptproblem fir Leit, déi finanziell net esou gutt opgestallt sinn.
De Piraten-Deputéierte Sven Clement deelt d'Meenung, dass fir d'Betriber an - wéi hien et ausgedréckt huet - "Finanzjongleuren" méi Erliichterunge virgesi sinn, wéi zum Beispill fir d'Locatairen. Hie fäert, dass den Ëmschwong Richtung Spuerpolitik eréischt wäert kommen. Wat dann och Leit, déi finanziell manner gutt opgestallt ginn, haart kéint treffen. Et wier net iwwerraschend, dass virun den EU-Wale keng grouss Spuermoossnamen ugekënnegt goufen. D'Entlaaschtungen, déi vum Finanzminister Gilles Roth ugeschwat goufen, gesäit de Sven Clement éischter als vag steierlech Mesuren.
De presentéierte Budget géing sozial méi schwaache Leit net genuch Méiglechkeete ginn, fir och en Deel vun der Mëttelschicht ze ginn, esou nach de Sven Clement. Éischter wier et eng Budgetspolitik, déi vill Leit ofhänkt.
De 25. Abrëll stëmmen d'Deputéiert da viraussiichtlech iwwert de Budget of.