Portraiten um WeltfraendagMat Sécherheetsschong an Helmer: Fraen, déi um Chantier schaffen

Rosa Clemente
Bulli, grouss Gefierer, vill Muskelkraaft: de Bausecteur ass bekannt als Männerdomaine. An dach fënnt een och hei Ausnamen.
Fraen, déi um Chantier schaffen
Bulli, grouss Gefierer, vill Muskelkraaft: de Bau-Secteur ass bekannt als Männerdomaine. An dach fënnt een och hei Ausnamen.

Wou besser mat Stereotyppe briechen, wéi um Chantier? Eng RTL-Ekipp huet am Kader vum Weltfraendag dräi Frae mat der Kamera begleet, déi hire Schaffalldag tëscht Bagger a Bëtong féieren.

D’Sandra Pacheco ass 32 Joer al a Mamm vun zwee Meedercher. Zanter annerhallwem Joer schafft si fir eng Baufirma a fiert mam Camion. E radikale Wiessel vun der Karriär, dee bei munche Leit nawell fir Staune suergt. Virdru war déi jonk Fra 10 Joer laang bei enger Botzfirma agestallt. “Ech hu meng Aarbecht iwwert alles gären, a wéilt déi ni méi wiesselen. Mir Frae kënnen alles maachen. An sollen eis net do virdru scheien, op engem Chantier ze schaffen. Ech sinn immens gäre Camionschauffeurin.”

An och d’Estelle Rongvaux (26 Joer) schafft zanter véier Joer um a ronderëm de Chantier. Si ass direkt no hire Studien als Conductrice de Travaux agestallt ginn. “Ech hu mir moies, wann ech op d’Aarbecht ginn, ni d’Fro gestallt, ob een um Chantier villäicht net mat mir schwätze wëll, well ech eng Fra sinn. Esou Gedanken hat ech ni. Ech hunn tatsächlech den Drang verspuert, mech ze beweisen, well ech awer nach jonk war, wéi ech an der Firma ugefaangen hunn”, erkläert d’Estelle. Aufgabe sinn ënnert anerem, ze kontrolléieren, ob d’Zäitpläng agehale ginn, wéi d’Aarbechte viru kommen, an ob op der Baustell d’Sécherheetsmesuren agehale ginn. Als Conductrice de Travaux ass d’Estelle net eleng an hirer Firma: “Et schaffen nach net esou vill Fraen um Bausecteur, mee et ginn der ëmmer méi. Ech hu mech ëmmer respektéiert gefillt, a mengen och, datt meng männlech Aarbechtskolleegen awer frou sinn, mat mir ze schaffen.”

Ganz spektakulär op 60 Meter Héicht schafft d’Manon Redonnet. Si ass och 32 Joer al an zanter engem Joer bei enger Baufirma zu Lëtzebuerg fest agestallt als Grutière. “Ech kenne keng aner Kranfürerin zu Lëtzebuerg, a Frankräich jo.” Am Nopeschland huet déi jonk Fra hir Formatioun gemaach, an huet och do zwee Joer als Grutière geschafft. Virdrun awer war d’Manon an der Restauratioun täteg. “Och do hunn ech mat Männer geschafft, an dat war ok. Natierlech ass de Bau nach eppes anescht. An och ech hunn am Ufank misste mir e puer Remarke vun de Männer unhéieren. Mä no enger Zäit huet sech dat geluecht, an si akzeptéieren a respektéiere mech, well ech meng Aarbecht gutt maachen. Et soll een als Fra awer ee staarke Charakter hunn, wann een um Bau wëll schaffen.”

Back to Top
CIM LOGO