
Nei Membere sinn d’Affekotin Suzy Gomes Matos, d’Carole Reckinger vun der Caritas, de Professer Jörg Gerkrath, de Psychopedagog Robert Kirsch, d’Sozialpedagogin Vera Bintener an den Thierry Hirsch.
En Donneschdeg gëtt an der Assemblée och e Successeur fir de Gilbert Pregno designéiert, dee jo annoncéiert huet, nëmmen nach Member vun der CCDH ze sinn, mee no 10 Joer net méi President.
RTL-Informatiounen no dierft d’Affekotin Noémie Sadler nei CCDH-Presidentin ginn, déi elo eng vun de Vize-Presidente war.
5 Leit hunn eng consultativ Stëmm an der Mënscherechtskommissioun: dëst sinn ënnert anerem d’Christine Goy fir d’Regierung, mee och d’Ombudsleit Charel Schmit a Claudia Monti.
D’Mandater vun den CCDH-Membere sinn erneierbar an dauere 5 Joer.