
Wéi de CGDIS mellt, koum et e Méindeg de Moie géint 7.30 Auer zu engem Accident um CR226. Eng Persoun gouf do ugestouss a verwonnt. D’Rettungsekippe vu Mutfert waren am Asaz.
Eng ganz änlech Zeen gouf et dann zu Zolwer, wéi kuerz no Mëtteg e Kand ugestouss gouf. Hei waren nieft de lokale Rettungsdéngschter och den Escher Samu am Asaz.