An der Chamber waren en Donneschdeg d’Procureure général d’Etat Martine Solovieff an de Procureur d'Etat Georges Oswald an eng Commission jointe geruff.

De Sujet war net nei. D’Commissioun koum zesummen als Reaktioun op e Bréif vun der Procureure général d’Etat Martine Solovieff virun enger Woch un den Inneminister mat Copie un d’Justizministesch. An dësem hat si drop higewisen, net informéiert gewiescht ze sinn, dass Beamten aus der Police judiciaire ofgezu gi waren, fir an der Haaptstad an engem Dispositif spécial ënner anerem d’Heescheverbuet an organiséierter an aggressiver Form an d’Drogekriminalitéit ze poursuivéieren. Och huet si sech gewonnert, dass dofir Beamten ofgezu gi wieren, déi fir d'Wirtschaftskriminalitéit zoustänneg wieren.

LSAP a Piraten haten d’Entrevue um Donneschdeg de Moien ugefrot. Enner anerem, well ee just aus der Press vun der Affär gewuer gi wier, an de Bréif net ze gesi kritt hätt.

"Ech maachen de Constat, dass de Minister et gepackt huet, an dräi Méint méi Porzeläi futti ze maachen, wéi Villeroy Boch an engem Joer ka produzéieren", sot den Deputéierte vun Déi Gréng, de Meris Sehovic. "Ech hunn d’Gefill, wéi wann den Här Gloden probéiert, ëmmer méi e groussen Teppech ze fannen, fir alles drënner ze kieren", huet de Piraten-Deputéierte Marc Goergen gemengt. Di Zwee kritiséieren, dass d’Justizautoritéiten net implizéiert ware bei der Decisioun, fir en Dispositif spécial mat spezialiséierte Beamten aus der Police judicaire anzeféieren. Doriwwer eraus géing sech just nach op d’Haaptstad konzentréiert an déi aner Gemenge vernoléissegt ginn.

Reproche vun Onwourechten

Ma si reprochéieren dem Minister och, Onwourechten op der RTL-Antenn als "Invité vun der Redaktioun" gesot ze hunn. D’Procureure général d’Etat hätt nämlech, anescht wéi vum Minister behaapt, weder en Appell, nach eng SMS kritt, fir si z’informéieren, ier si hire Bréif ofgeschéckt hat. Am Nomëtten gouf dunn awer bekannt, dass d’Procureure général awer eng SMS vum Generaldirekter Philippe Schrantz op en zweete privaten Handy kritt hätt. Zu engem Ament awer, zu deem de Bréif un de Minister awer scho verschéckt war. De Marc Goergen huet nach preziséiert, dass de Minister an der Reunioun dann nach gesot, d’Procureure général soll him an Zukunft eng SMS schreiwen, anstatt e Bréif. Dat wier senger Meenung no awer «de komplett falsche Wee».

Och déi gréissten Oppositiounspartei LSAP kritiséiert, dass d’Virgoe vum Minister keng Aart a Weis wier, fir an engem institutionelle Kader ze schaffen. Den Dispositif sollt am Ufank géint d’Mendicité aggressive an organisée agesat ginn, huet den Deputéierten Dan Biancalana erkläert. Dass d’Missiounen dono nach ënner anerem op Drogekriminalitéit ausgeweit goufen, wier net offiziell matgedeelt ginn. Doriwwer eraus hätt de Minister net kënnen op d’Fro äntweren, wéi vill Polizisten am Dispositif insgesamt sinn, an hätt och net gewosst, dass 110 Poliziste vun der Police judiciaire am Asaz waren oder wéi vill Leit an de verschiddene Kommissariater ofgezu goufen.

Dispositif spécial soll ëm Hallschent gekierzt ginn

De Chiffer vun de Beamten aus der Police judicaire am Dispositif soll elo awer erofgesat ginn. "Dass een dësen elo zréckfiert, seet jo, dass mer Recht mat eiser Kritik haten", mengt de Marc Goergen. Et wier annoncéiert ginn, dësen op d’Hallschent ze kierzen, sou den Dan Biancalana.

Op d’Kritik vun der Oppositioun ugeschwat, dass soll eng schlecht Kommunikatioun tëscht him an der Martine Solovieff sinn, sot de Léon Gloden, dass d’Oppositioun wuel an enger anerer Reunioun gewiescht wier wéi hien. Et hätt een e konstruktiven Dialog gehat. «Ee Punkt, deen ech aus där Diskussioun erauszéien ass, dass mer weider mussen um Dialog tëscht der Police an dem Parquet schaffen», sou de Minister. Et wier awer och elo gesot ginn, datt ee weider kéint Poliziste vun der Police judiciaire ofzéien.

Eng Rei handwierklech Feeler

"Mir mussen hei oppassen, datt mer net den Androck ginn, datt géif eng institutionelle Kris hei existéiert", huet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser ënnerstrach. Och wa sou munch een dorun interesséiert wier, deen Androck ze ginn. Hien huet drop higewisen, dass vun Ufank u villäicht eng Rei vun handwierkleche Feeler geschitt wieren. Zum Beispill, dass d’Heescheverbuet duerchgesat gouf, ouni genuch Koordinatioun tëscht de concernéierten Instanzen. "Wat d’Zilsetzung a Modalitéite vun der Ëmsetzung ugeet, besteet awer e relativ grousse Konsens", sou den Deputéierten.

Et hätt een hei eng grave Situatioun, sot de Meris Sehovic. De Parquet hätt gesot, dass den Dispositif spécial, sou wéi en am Moment opgesat ass, net gëeegent wier, fir déi Missiounen z’erfëllen, déi virgeschriwwe wieren. "Vill méi schlëmm ass et, datt een elo riskéiert, dass déi Prozeduren, déi ageleet ginn, annuléiert kéinte ginn, well d’Rechtsstaatlechkeet net respektéiert ass," widderhëlt de Politiker, wat en an der Reunioun héieren huet.

Minister huet nach d'Chance zeréckzerudderen

Wat sinn elo déi nächst Schrëtt, déi d’Oppositioun wëllt ënnerhuelen? Déi Gréng, LSAP, Déi Lénk an d’Piraten hunn en Donneschdeg an der Chamber eng Motioun deposéiert, an där si d’Regierung opfuerderen, direkt all d’Agenten aus der Police judiciaire aus dem Dispositif spécial ofzezéien.

Déi Motioun gouf an der Chamber refuséiert mat 39 Nee-Stëmmen zu 20 Jo-Stëmmen.

"Mir bleiwen um Ball"
, seet d’LSAP. "Ech denken, dass de Minister awer hei nach d’Chance huet, fir zeréckzerudderen", huet de Marc Goergen op d’Fro geäntwert, ob eng Enquêtëkommissioun envisagéiert géing ginn. Mat esou enger Fuerderung misst ee virsiichteg sinn.

D’CSV-Justizministesch Elisabeth Margue huet kloergestallt, dass si weder eng Autoritéit iwwert de Procureur général d’Etat nach iwwert d'Police-Corpsen hätt. "Ech mengen, wat an der Reunioun erauskomm ass, ass, dass e klenge Manque de communication an deem heiten Dossier war", betount d’Ministesch. Si wënscht sech an Zukunft eng besser Kommunikatioun tëscht deene verschiddenen Autoritéiten.

D’Procureur général d’Etat wollt iwwerdeems näischt méi zu där ganzer Affär soen.