Den Iwwerkonsum vun Textilie stoppen, d'Aarbechtskonditioune vun de Leit an der Kleederproduktioun verbesseren an d'Liewensdauer vu Kleeder verlängeren.

Dat sinn d'Erausfuerderungen, deene sech den Textilsecteur muss stellen. 44% vun de Leit, déi hei am Land an engem ILRES-Sondage zum Sujet gefrot goufen, gesinn dat och sou.

Duerfir gesi sech d'Responsabel vun den "Rethink your clothes"-ASBLen och an hirer Demarche confirméiert, fir jiddwereen zu engem responsabelen Ëmgang mat Textilien ze motivéieren. Do bleift nach Loft no uewen, well zum Beispill am Sondage 37% vun de gefrote Jonken ënner 24 Joer soten, datt si bis zu 3 Mol de Mount nei Kleeder kafen - et gëllt also hei mat den Informatiounen iwwer Recycling, Upcycling an och Verkaf vu Fairtrade-Kleeder unzesetzen.

E positiivt Element aus dem Sondage ass de Fait, datt zwee Drëttel vun de Gefrote soten, datt se genee d'Informatiounen op de Kleeder-Etiketten liesen an d'Marken ënnertenee vergläichen. D'Hallschent vun de Leit soten am Sondage, datt si méi responsabel géife Kleeder kafen, wann d'Offer vun esou Textilie méi present wier. De Sondage war vun den ONGe Caritas a Fairtrade Lëtzebuerg bei 944 Leit lancéiert ginn.