"Am Kontakt mat de Mënsche schaffen"
No zwee Joer Ausbildung hunn e Freideg 170 Polizist*innen an der Sportshal vun der Policeschoul um Findel virum Minister Léon Gloden hiren Eed geschwuer.
Fir de feierleche Moment waren d'Famillje vun der Promotioun invitéiert. Vu Bëbee bis Bomi war alles mobiliséiert.
Mat eeschter Minn a frësch gestreckten Uniforme sinn déi fuschnei PolzistInnen an de Sall marschéiert.
Dës aussergewéinlech grouss Promo ass d'Resultat vun de Recrutementsefforten, déi ënnert der viregter Regierung ugefaange goufen, wéi de Policegeneraldirekter Philippe Schrantz erkläert huet. Hien huet hinne fir hiren Ofschloss felicitéiert, ma si och gewarnt.
"Et wäerte sécher och mi schwéier Momenter op iech duerkommen. Dir wäert leider och manner schéi Saachen erliewen, wou der d'Biller net méi aus dem Kapp kritt. Ech wëll iech hei kloer de Message op de Wee ginn, datt der iech an der Police net braucht eleng gelooss ze fillen."
Sech Hëllef ze froen, wier éischter en Zeeche vu Stäerkt, ewéi vu Schwächt huet de Philippe Schrantz den neie Poliziste mat op de Wee ginn.
D'Cindy Bidinger, déi fir hir gutt Leeschtung an de Schoulfächer vun der Policeschoul ausgezeechent gouf, ass sech bewosst, datt d'Leit net ëmmer frou sinn, wann d'Police kënnt. Firwat wollt déi jonk Fra dëse Beruff maachen?
"Éischtens mol fir am Kontakt mat de Mënschen ze schaffen. Dat war ëmmer schonn déi Richtung, déi ech wollt aschloen. Ma och fir eppes kënne bäizedroe fir d'Gesellschaft, fir datt d'Leit dobausse sech méi sécher fillen an och well d'Police sou eng grouss Vilfalt u Beräicher proposéiert."
Nodeems den zoustännege Minister Léon Gloden versprach huet, d'Recrutementsefforte virun ze féieren, gouf et Eescht mam Eed. Mee dono war d'Freed am Sall grouss an d'Famillen hunn applaudéiert.
D'Anabela Dias Da Silva huet iwwert d'ganz Gesiicht gestraalt, wéi hire Bouf hir no der Zeremonie an der Uniform entgéint koum.
"Ech si ganz frou, fir hien, fir se alleguer, an ech si mega houfreg. Ech kann elo net méi soen, mega !"
Natierlech mécht si sech als Mamm och e bësse Suergen, wat alles op de Fils duerkënnt. Mee da géif zum beruff dozou gehéieren.

© Helder Loureiro