De Poopst kënnt de 26. September op Lëtzebuerg
© Andreas SOLARO / AFP
De Vatikan huet op Péngschtméindeg offiziell annoncéiert, datt de Poopst Franziskus vum 26. bis den 29. September an d'Belsch an op Lëtzebuerg kënnt.
Déi éischt Etapp vum Poopst ass de 26. September hei am Grand-Duché, ier et dann déi Deeg duerno op Bréissel, Louvain a Louvain-la-Neuve weidergeet. Dat präziséiert de Vatikan an engem Communiqué.
De Kardinol Jean-Claude Hollerich hat d'Visitt vum Poopst zu Lëtzebuerg schonn am Kader vum Pélérinage bei d'Muttergottes vu Fatima der Press géintiwwer annoncéiert.
De Poopst kënnt op Invitatioun vum groussherzoglechen Haff op offiziell Visitt.
Fir d'lescht war de Chef vun der kathoulescher Kierch am Mee 1985, also viru genee 39 Joer am Land. De Jean-Paul II. war deemools an der Stad, zu Esch an zu Iechternach.