
28 mol waren d’Pabeieren net an der Rei. An 8 Fäll war eng Persoun net legal am Land. 212 Infraktioune géint de Code la Route goufe festgestallt.
Et goufe 4 Procès-Verbauxe wéinst Mendicitéit. Zu deenen dierft de Fall vum Christian Kmiotek zielen. De fréiere grénge Parteipresident hat sech jo selwer denoncéiert. Den Dossier Heescheverbuet hat jo allgemeng fir gréisser politesch a juristesch Diskussioune gesuergt.
Et wiere 4 grouss ugeluechten Aktiounen am Stater Garer Quartier ginn, sou nach de Minister Gloden, deen an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum gréngen Deputéierte Meris Sehovic nach präziséiert, datt de Spezialdispositif e volle Succès gewiescht wär.