Net just op der Strooss, och um Waasser gëlle gewësse Reegelen. Fir datt déi agehalen an d'Sécherheet ka garantéiert ginn, huet d'Police zwee Booter.

Jee ee Police-Boot ass um Uewersauerstauséi an een op der Musel present. Um gréisste Floss vum Land patrulléieren d'Beamten zanter en Donneschdeg iwwerdeems mat engem neie Boot. Mir waren zu Gréiwemaacher bei der Daf derbäi.

Neit Police-Boot fir Asätz op der Musel / Reportage Marc Hoscheid

Wéi wann d'Wieder extra fir deen Dag bestallt gewiescht wier, stoung d'Sonn en Donneschdeg um bloen Himmel iwwert der Muselmetropol. Ma, datt een de 6. Juni fir d'Daf vum Boot erausgesicht huet, hat awer een anere Grond wéi d'Chance op gutt Wieder, wéi de Minister fir Affaires intérieurs Léon Gloden erkläert.

"Um Dag vum D-Day, um Dag vum Debarquement an der Normandie, wou d'Allied forces iwwer Schëffer op d'Land komm sinn, fir d'Fräiheet vun eis ze verdeedegen. An ech soen ëmmer, ouni Sécherheet keng Fräiheet. An dat Boot hei ass ee Bestanddeel vun der globaler Missioun vun eiser Police, fir d'Sécherheet, dës Kéier net um Land, mee op Waasser ze garantéieren."

Ronn 130.000 Euro huet d'Boot kascht. Et besteet komplett aus Aluminium, huet eng Längt vu siwe Meter an een 200 PS-Moteur, mat deem ee bei engem normalen Equipage vun zwee Leit op bis zu 70 Kilometer an der Stonn kënnt. Am Géigesaz zum Virgänger-Boot huet dat neit eng zoue Kabinn. Dee gréissten Ënnerscheed ass awer, datt méi sophistiquéiert technescht Ekipement, esou de Mike Greisch, Chef vun der Police de route vu Gréiwemaacher.

"Virun allem hu mer dee GPS-Echolot doropper. Domadder hu mer éischtens eng GPS-Kaart wéi op der Strooss, wou mer ganz genau gesinn, wou mer dru sinn. Wa mer elo eng vermësste Persoun sichen oder sou, kënne mer dat markéieren, mir wësse ganz genau, wou mer se gesinn hunn. Well ee Boot stopps de net wéi een Auto, bremsen an et steet. Et fiert weider, virun allem wann s de mat der Stréimung bass, bleift dat net stoen. Dann hu mer den Echolot, mat deem kënne mer d'Waasser ofsichen no Géigestänn respektiv den Ënnergrond."

D'Ekipp vum Boot bilde sechs Beamten, déi och nach op der Strooss am Asaz sinn. Um Boot sinn normalerweis zwee oder dräi Poliziste gläichzäiteg. Hir Aufgabe bestinn an éischter Linn doranner, Booter vu Privatpersounen ze kontrolléieren, Sportsevenementer oder Staatsvisitten ze begleeden an am Summer d'Anhale vun de Reegelen am An ze behalen. Den Numm vum neie Boot ass iwwregens Golf 70. Golf kënnt vum Nato-Alphabet a steet fir d'Policeregioun Gréiwemaacher, d'Siwe steet fir d'Unitéit an d'Null fir d'Boot.