Vill Leit si schonn op Arnaquen eragefall. Den Expert vun der Spuerkeess, de Lars Weber, erkläert wat ee soll maachen, wann een Affer ginn ass.

Et gi vill ënnerschiddlech Forme vun Arnaquen am Internet. Ob een, wann een Affer gouf, rembourséiert gëtt, hänkt vun ënnerschiddleche Facteuren of. "Mir musse fir d’éischt verstoen, wat geschitt ass. An da musse mer kucken, wien an der Responsabilitéit ass", erkläert de Lars Weber, Expert an der Cybersécherheet bei der Spuerkeess. Et géing keng allgemeng Approche hei ginn, déi ëmmer t’selwecht wier. Wa Clienten op eng raffinéiert Manéier ugeschmiert goufen, da misst eng Analys gemaach ginn, déi Kloerheet iwwert hier Responsabilitéit schaaft. Wéi eng Schied couvréiert sinn, hänkt da vum Typ vun der Assurance of.

De Problem wier, dass déi meescht Arnaquen ebe géingen de schwächste Punkt an der Sécherheetschaîne viséieren, an dat wier eeben dacks de Mënsch, betount de Lars Weber. Deemno léich d’Responsabilitéit dacks bei der Persoun selwer. Als Beispill nennt hien e Verkéiersaccident, wou emol ganz kloer wier, wat passéiert wier, a wéi eng Assurance géing bezuelen. Eng aner Kéier wier d’Responsabilitéit net sou kloer an et missten Analyse gemaach ginn.  

Wann awer zum Beispill e Client Sue verluer hätt wéinst enger technescher Faille am System, déi eng Arnaque begënschtegt hätt, géing d’Bank déi komplett Responsabilitéit huelen.

Wat maachen, wann ee mierkt, dass een sech eraleeë gelooss huet?

Fir d’éischt misst een, wann et eng Bank concernéiert, dës kontaktéieren an eng Plainte maachen, wann et eng Fraude wier. Da misst och zesumme mat Spezialiste gekuckt ginn, op de Computer misst nei installéiert ginn oder Passwierder zréckgesat ginn.

Op verschiddene Bankkaarte géingen et dann och Assurance ginn. Ma dës géinge jee no Typ verschidde Schied ofdecken an dacks haaptsächlech spillen, wann d’Situatioun kloer a wann determinéiert wier, wien d’Responsabilitéit huet.

Wat mécht d’Bank, wann se iwwer eng Arnaque informéiert gëtt?

Wa Suen transferéiert ginn, déi net hätt sollen erausgoen, dat freet d’Bank se zréck. Dofir wier et wichteg, dass dës esou séier wéi méiglech géing informéiert ginn, betount de Lars Weber. Dono géing dann d’Analys gemaach ginn, wat genee passéiert ass, ier decidéiert géing ginn, wat d’Suitte sinn.

Wéi laang et dauert, bis een als Affer rembourséiert gëtt, ass ënnerschiddlech. Wann d’Situatioun relativ séier kloer wier an de Montant op eng Bank an Europa iwwerwise gi wier, géing et e puer Deeg daueren. Wann awer zum Beispill Kryptowärunge mat am Spill wieren, wier d’Situatioun méi komplizéiert. Transaktiounssystemer sinnhaut quasi à temps reell. E Virement ass deementspriechend an e puer Sekonnen ofgewéckelt. DChance en ze stoppe wier deemno méi kleng ginn, wéi dat fréier de Fall war.

Phishing heefegst From

Deen bekanntste Bedruchsform ass de Phishing. Hei ginn d’Leit meeschtens iwwer d'Sozial Medien, SMS oder E-Mail kontaktéiert an incitéiert, Donnéeë matzedeelen. Zum Beispill e Passwuert, e PIN-Code oder soss eng Informatioun. Doriwwer eraus ginn et och nach aner Frauden, wou Leit incitéiert ginn, Saachen ze maachen, wéi ePack unhuelen oder weider ze verschécken.

Tipps: Sech verhalen, wéi an der realer Welt

"Online ass net vill aneschters, wéi an der realer Welt, wann ee mat Suen hantéiert", seet de Lars Weber. Et misst ee virsiichteg sinn. Dacks géinge bei Arnaquen d’Leit ënner Drock gesat ginn, wéi an engem Phishing-Zenario. Dëst soll sinn, dass d’Leit séier eng Decisioun huelen, a manner nodenken.

"Sidd e bësse skeptesch a virun allem passt op op Situatiounen, wou een Drock op iech ausüübt. Wann eppes ze gutt klengt, fir wouer ze sinn, dann ass et ganz dacks net wouer", sou den Expert. Wann eng ongewéinlech Mail oder SMS kéim, soll ee fir d’éischt driwwer nodenken an net séier drop reagéieren. Eng Bank oder eng Administratioun géing zum Beispill ni e Passwuert froen. Bei esou engem Fall géing et sech zu 100 Prozent ëm eng Arnaque handelen.