Heescheleit ginn et net just bei Butteker oder am Zentrum vun der Stad, mee ëmmer nees och alt op Kräizungen an der Stad.

Zu Hollerech an op der Stäreplaz si méi heefeg Leit ënnerwee, déi bei de Chaufferen heeschen, déi bei der rouder Luucht stinn.

Der Police ass dee Phenomen bekannt an et ginn entspriechend Aktiounen. Sou goufen op béide Kräizunge bannent dem leschte Joer eng 70 Kontrollen duerchgefouert. Ob a wéi vill Protokoller geschriwwe goufen, ass iwwerdeem net gewosst.

Dës Prezisioune gëtt den CSV-Policeminister Léon Gloden dem ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser als Äntwert op eng entspriechend parlamentaresch Fro zum Sujet "mendicitéit".