400 Kandidaten, eleng bei der Porte Ouverte vun der Policeschoul um Findel, bannent engem Nomëtteg. Fir um Enn 200 Plazen an der Promotioun 2024. 

D'Police zitt un

Well Sécherheet a Fräiheet, Sécherheet a friddlecht Zesummeliewen Hand an Hand ginn, setzt d'Regierung bei der Police, d'Zuel u Kandidate pro Promotioun vun 160 op 200 erop. E Pilotprojet vun enger ''Unité de police locale'' gëtt vum Summer un an den zwou grousse Stied vum Land lancéiert. Zwou Annoncen aus dem Premier senger Ried zur Lag vun der Natioun, dës Woch.

"Unité de police locale" , kee spezifescht Rekrutement

Fir de Pilotprojet vun enger ''Unité de police locale'' an der Stad Lëtzebuerg an zu Esch-Uelzecht musse keng Beamten extra rekrutéiert ginn. Ma Polizisten aus deen aktuelle Kommissariater kréie spezifesch Missiounen zougedeelt.

200 nei Beamte fir d'Promotioun 2024

Zwee Joer wäert se daueren, d'Formatioun. No engem éischte Joer, reng an der Policeschoul, mat zum Beispill och Schéiss-Training, geet et dat zweet Joer schonn deels am Kader vu Stagen op den Terrain, an d'Kommissariater.

De Cliché vum Polizist, wier deen, deen dobaussen Interventioune mécht, sou de Personalchef Francis Lutgen. D'Pallett ass awer vill méi breet. Vun der Police de la Route, iwwer d'Hondsmeeschter, d'Police judiciaire, bis bei den Equipage vum Helikopter.

Un der Zuel u Kandidate fir all déi Beruffer feelt et net. Wéi vill der vun hinne wäerten et um Enn och an déi nächst Promotioun packen? Eng Rei Hürde stinn nach am Wee, eleng wat d'Selektioun ubelaangt.

"Et gëtt Leit, déi hunn an de Sproochentester keng Problemer. Et gëtt der, déi hunn am Sport keng Problemer. An déi, déi mir huelen, dat sinn déi, déi néierens Problemer hunn. Dat heescht, déi leschten Hürd, dat ass den Entretien, wou mer wierklech an engem Jury mat de Kandidate schwätzen a wou mer hinnen dann och e bëssen op den Zant fillen, wat d'Motivatioun ass fir Polizist ze ginn", sou de Personalchef Francis Lutgen.

Am Kader vun der Porte Ouverte konnten d'Kandidaten a Kandidatinnen eng éischt Kéier um Parcours vum Sportstest kucken, wéi se physesch drop sinn. Just ee vun 3 blouf ënnert der Zäitlimitt.

De Jérôme Alff, Sportsproff an der Policeschoul: "Déi meescht ënnerschätzen den Test."

Rekrutéiert ginn net just Fraen a Männer an Uniform. 

"Ech selwer hu lo den éischten August 2018 ugefaangen op der Ressource humaine. Deemools ware mer 2.300 Leit. Haut hu mer 3.250 Leit. Do gesäit een einfach, datt d'Police immens gewëss ass. Am Zivilkader, do hu mer eis ongeféier verduebelt, vun 350 op 700. Zivilkader, dat ass ganz, ganz verschidden. Do hu mer wierklech vu Sekretär bis Biolog iwwer Mecanicien, déi mer schaffen hunn. Ganz vill Leit an der Informatik. Also dat ass ganz, ganz breetgefächert. An do maache mer eis Annoncen op iwwer GovJobs wou een dann och déi eenzel Annoncë fënnt", sou de Francis Lutgen.