Dat wéinst den Aarbechtskonditioune vun de Leit. Si sinn dacks an enger Scheinselbststännegkeet. Eng EU-Direktiv, déi ënnerwee ass, soll d’Situatioun verbesseren. Mee och zu Lëtzebuerg goufen et schonn Initiativen, dorënner eng Gesetzespropositioun vun déi Lénk. Déi gouf en Dënschdeg an der zoustänneger Chamberkommissioun diskutéiert.
Am Mee 2022 schonn haten déi Lénk eng Gesetzespropositioun an d’Chamber bruecht, iwwert déi eng falsch Onofhängegkeet verhënnert soll ginn. Dora si Krittäre festgeluecht, iwwert déi definéiert ass, vu wéini un ee Salarié ass.
“Wann ee Krittär vun enger Rei vun am Text opgezielte Krittären erfëllt ass, gëtt eng Plattform op Aarbechter oder -Rin, deen deen üblecherweis um Lëtzebuerger Territoire seng Aarbecht verriicht, als Salarié ugesinn. Hei spillt dann eng Présence en de contrats de travail, an d Plattform ass dann och als Employeur ze gesinn.” (Zitat Myriam Cecchetti 04.05.2022)
D’Positioun vun der Regierung en Dënschdeg an der Chamberkommissioun: et wëll een op d’EU-Direktiv waarden, de Motto wier “La directive, rien que la directive”. Et wier eng Direktiv, déi laang op sech waarde gelooss hätt, ma et kéint gläich lassgoen, esou den Aarbechtsminister Georges Mischo.
D’Regierung wéilt d’EU-Direktiv da séier ëmsetzen, méi ambitiéis kéint een awer net sinn. Do sot den LSAP-Deputéierten a fréieren Aarbechtsminister Georges Engel, dat wier “falsch”. Eng Direktiv géing e Minimum virginn, ma et kéint een ëmmer méi ambitiéis sinn. De fréieren Aarbechtsminister fënnt dass ee misst méi wäit goen. Där Meenung ass een och bei déi Lénk.
No wéi enge Krittären een an Zukunft net méi als Independant, mee als Salarié gëllt, bleift nach onkloer.