Viru 6 Joer gouf et eng territorial Reform bei der Police. Wou sinn d’Stäerkten a Schwächten?

De viregte grénge Policeminister Henri Kox hat en Audit bei der Generalinspektioun an Optrag ginn an dee gouf an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert. Do gëtt et keng Bonne Note fir d’Proximitéitsaarbecht.

Audit iwwer territorial Reform bei der Police / Reportage Pit Everling

An dat géing hien net erstaunen, seet den aktuellen CSV-Policeminister Léon Gloden. Seng Äntwert wier e méi staarke Rekrutement. Et soll verstäerkt op d’Preventioun gesat ginn.

"An deem Audit gëtt ganz kloer gesot: 80% Repressiounsaarbecht an 20% Preventiounsaarbecht an dat geet mir net duer. Dat ass och dee grousse Schwaachpunkt vun der Reform vun 2018, dofir och déi Unité de police locale."

Am Juli soll jo do e Pilotprojet starten. De gréngen Deputéierten an Escher Schäffe Meris Sehovic begréisst, datt doduerch méi Polizisten zu Esch wäerte present sinn

"... vun der grousser Gemengepolice ass elo eng lokal Unitéit mat engem Sticker iwwreg bliwwen. An ech begréissen, genau sou wéi meng Partei all Kéiers, wa mer kënne Polizistinnen a Polizisten op den Terrain bei d' Leit schécken."

De Meris Sehovic rappelléiert, datt eng lokal Police net als separat Entitéit mat eegenem Waasserkapp dierft funktionéieren.

E weidere Punkt am Audit ass d’Kommunikatioun tëscht der Police an de Gemengen, bei där nach Loft no uewe wier.
Den LSAP-Deputéierten an Diddelenger Buergermeeschter Dan Biancalana

" ... och dass d' Buergermeeschtere matgedeelt kréien, wann Aktioune virgesi sinn, vun der Police um Territoire vun der Gemeng, dass och do e Retour kënnt, wat am Fong dann den Effet war vum Asaz."

Wou et am Audit Kriticke gëtt, gëtt et och Luef. Nach emol de Léon Gloden:

"Et stellt elo keen d'Réorganisation territoriale zum Beispill a Fro, och net déi modern Outilen, déi vun der Police agesat gi wéi e moderne RIFO an och den E-Kommissariat huet eng gutt Bewäertung kritt."

Och bei de Gebailechkeete solle Verbesserunge kommen, sou de Léon Gloden weider. Ënner anerem kéinten d’Police an de CGDIS zesummen Infrastrukture bauen. Do sollen et d’nächst Woch am Süde vum Land éischt Gespréicher ginn.