Waasserschued am Belval PlazaE geplatzte Rouer um Daach ass schold 

Christophe Hochard
En Tëschefall um Weekend gouf et am Akafszenter um Belval. Botzaarbechte sinn am gaangen. Verschidde Geschäfter bleiwen zou.

An der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg koum et zu engem Waasserschued am Belval Plaza. Ausgeléist gouf dësen duerch en technesche Probleem. Am Communiqué, deen un d'Press goung, ass ze liesen, datt um Dach vum Zenter e Waasserrouer geplatzt wär. Déi technesch Servicer wären direkt intervenéiert fir de Site an d'elektresch Installatiounen ze schützen.

Um Méindeg konnt den Akafszenter no enger Inspektioun fir d'Clienten normal opmaachen.

RTL war sech e Bild vun der aktueller Situatioun maachen. Wann een duerch d'Mall spadséiert geséit een ablécklech nach Trace vun dësem Virfall.

Plaffongen déi duerch d'Waasser eng brongelzeg Faarf kritt hunn, Rolltrapen a Lifter déi net a Betrib sinn. Gitteren déi den Zougang groussraimeg zu dëse verspären. Op ville Plaze geséit een d'Personal botzen. Ewéi zum Beispill Fënsteren oder Lifter. 

 Déi meescht Butteker hunn op. Mat Ausnam vun zwee. Um Rez-de-Chaussée ass de "Yogurtlandia" betraff. Um leschte Stack d'Indoorkannerspillplaz "Hello Kids".

Vum Parking Sous-Terrain kennt een den Ament net iwwer de normale Wee (Rolltrapen, Lifter) an de Shopping Zenter. Et muss ee grénge Feiler nogoen. Déi lotsen d'Clientë bei de grousse Lift dee fir d'Fournisseure geduecht ass.

Um Schluss vum Communiqué ass nach ze liesen, datt den Akafszenter zu de normalen Horairen op ass an déi Responsabel entschëllegen sech bei hirer Clientèle fir dëse Mëssel.

Back to Top
CIM LOGO