Militär- an Zivilparad mat 800 aktive Participanten a 60 Gefierer
Et war den Highlight vun Nationalfeierdag e Sonndeg de Moien an der Stad.
De Passage vun de Militärfligeren an dem Policehelikopter, engen 800 aktive Participanten a 60 Gefierer vun allen Zorten huet nees vill Spectateuren an d'Stater Nei Avenue gezunn. Dat läit sécherlech och drun, datt de Public ouni Umeldung do dem militäreschen an zivillen Defilé nokucke kann.
D'Militärparad an d'Truppe stoungen ënnert dem Kommando vum Colonel Alain Schoeben, nei an hire Funktiounen dobäi waren d'Defenseministesch Yuriko Backes an de Policeminister Léon Gloden. D'Truppe goufe vum Grand-Duc inspizéiert, dee begleet gouf vum Ierfgroussherzog an dem Prënz Sébastien.
Héichpunkte waren ënner anerem d'Interpretatioun vum Wilhelmus an d'Heemecht vun der Militärmusek, ënnert der Leedung vum Lt-Colonel Jean-Claude Braun.
Am motoriséierten Deel vun der Arméi waren eng Dose Gefierer ze gesinn, dorënner ënner anerem de Won, dee vun den Demineure gebraucht gëtt, déi eng 300 Mol d'Joer am Asaz sinn.
Beim Police-an dem Douanes-Detachement waren eng Dosen Gefierer, d'Police-Boot a 15 Motoen, grad wéi d'Hondsstaffelen dobäi, iwwerdeem den Detachement vun de 70 Giischtercher ënnert dem Jean-Luc Schlimm an hiren neien Uniformen impressionnant war.
D'Compagnie vum CGDIS stoung ënnert dem Kommando vum Kapitän Christian Schmitz.74 Pompjeeën hunn déi 4 Zone vum Land vertrueden. Ze gesinn, ware Läschween, e Samu an e Won vun der Fluchhafen-Unitéit.
De Contingent vun der Croix-Rouge war mat hirer Hondsstaffel vertrueden. Nieft de Militär- an den Douanesmuseken hunn och d'Fanfaren aus der Gemeng Rammerech virun der Éierentribün an der Neier Avenue gespillt. Déi 100 Museker hunn ënner anerem d'Heemecht interpretéiert.
D'Militärfest vun der Arméi schléisst d'Parad op der Place de Metz of, wou bis e Sonndeg den Owend Arméisgefierer ze gesi sinn.