D’Steierverwaltung an den Enregistrement verstäerken hir Zesummenaarbecht zanter e Méindeg, esou de Finanzministère e Méindeg kuerz viru Mëtteg.

De Gilles Roth nennt et "eng nei a wichteg Etapp am Kampf géint d’Steier-Fraude". Béid Administratioune géingen dru wannen, esou den neie Chef vun der Steierverwaltung Jean Paul Olinger. De Chef vum Enregistrement Romain Heinen gesäit och en "Netto"-Fortschrëtt an der Zesummenaarbecht.

D’Administration des contributions directes an d’Administration de l’enregistrement, des domaines et de la TVA kruten eng Note de service mat Instruktiounen, fir d’Gesetz z’exekutéieren. Et geet drëm, datt reegelméisseg sech ausgetosch gëtt, Informatioune gedeelt ginn a gemeinsam Kontrolle gemaach ginn.