En Dënschdegmoien ass et an der Ceinture des rosiers op Demande vum franséischen Tribunal judiciaire vu Sarreguemine zu engem Policeasaz komm.

Dat huet de Procureur vu Sarreguemine RTL op Nofro hi confirméiert. Den zoustännege Juge d'instruction hätt  bei de Lëtzebuerger Autoritéiten eng Demande fir eng europäesch Enquête gemaach. Et geet ëm den illegalen Transport vu Betäubungsmëttel.

Och de Lëtzebuerger Parquet confirméiert de Policeasaz. Et géing sech net ëm eng national mee eng europäesch Enquête handelen. Genee wier et eng "Décision d’enquête européenne", also eng  Decisioun, déi vun enger juristescher Autoritéit vun engem aneren EU-Memberstaat validéiert gouf. Zil wier et, Preuvë fir méiglech Gesetzesverstéiss an engem aneren EU-Staat ze sammelen.