Um Mëttwoch hat d'Wort dat scho gemellt. Wéi et vun der Justiz heescht, wäert de Parquet dat Ganzt nach emol analyséieren an da seng Konklusiounen zéien.

Deemno ass et fir den Ament nach net decidéiert, ob déi beschëllegt Polizisten e Prozess gemaach kréien oder net. Déi Entscheedung hëlt um Enn déi sougenannte Chambre du conseil. D'Faite ginn op den Nuetsmarathon vu virun engem Joer zréck. Am Ganze ware 4 Poliziste verhaft ginn, well se sollen eng alkoholiséiert Persoun an der Ausniichterungszell geschloen a probéiert hunn, d'Faiten ze vertuschen.