
D’Police kritt domat d’Moyenen, eng Persoun, déi d’Entrée vun engem Gebai blockéiert, ze froen dës Plaz ze raumen. Viséiert domat also och Sans-abrien oder och nach Drogekranker.
Wéi vill där Platzverweise et bis ewell goufen, respektiv wéi vill “rappels à l’ordre” et duerch d’Beamten zanter dem Aféiere vum Gesetz duerch den deemolege grénge Policeminister Henri Kox et bis lo goufen, ass iwwerdeems net gewosst.
Wéi de Policeminister Léon Gloden den LSAP-Deputéierten Taina Bofferding an Dan Biancalana a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro matdeelt, ginn dës Policemesuren nämlech net informatesch erfaasst. Beim Vott zum Platzverweis 2022 hat d’CSV-Oppositioun deemools vun enger Light-Versioun geschwat, déi u sech méi streng misst sinn.