"Do ginn et esou vill Definitiounen, wéi et Mënsche ginn"
Spéitstens zanterdeem Nemo de Eurovision Song Contest gewonnen huet, dierft Net-Binaritéit ville Leit e Begrëff sinn.
Nemo identifizéiert sech als Net-binär, ass also kee Mann a keng Fra. Wärend dat en Thema ass, dat an anere Länner a Kulture scho vill méi diskutéiert a verbreet ass, schéngt et zu Lëtzebuerg nach net esou bekannt ze sinn. Deen Androck huet och Mara Stieber. “Hei zu Lëtzebuerg ass et fir vill Leit wierklech eppes Neies, am Allgemenge sinn d’Leit relativ positiv an interesséiert. Do besteet einfach nach e groussen Informatiounsbedarf zu net-binären Identitéiten an zu Transidentitéiten.“
Mara Stieber identifizéiert sech net mat deem Geschlecht, deem Mara bei der Gebuert zougeschwat gouf an ass domadder net-binär, awer och trans: "Fir mech bedeit et, dass ech keng Fra sinn, mee ech sinn och kee Mann. Ech wëll keng Transitioun maachen, wou ech dann duerno ee Mann sinn. Mee et heescht, dass ech eng Persoun sinn: Mara. An ech wëll als solch wouer geholl ginn." Mara ass et wichteg, dat eegent Liewen esou liewen ze kënnen, wéi Mara et fir richteg hält, ouni Rolle mussen ze erfëllen, déi ee beispillsweis als Fra dacks operluecht kritt.
Fir all net-binär Persoun bedeit d'Net-Binaritéit awer eppes aneres, et gi vill verschidden Identitéiten. "Do ginn et et esou vill Definitiounen, wéi et Mënsche ginn", seet Nora Schneider. Et ass u sech een Iwwerbegrëff, deen all déi Identitéite vereenegt, déi net Mann oder Fra sinn.
Nora Schneider notzt de Begrëff net-binär zanter ongeféier véier Joer: “Ech hu mech domadder einfach fräi gemaach, ech hu vill méi Selbstsécherheet fonnt. Dat war einfach een Deel vum Erwuesseginn, ze erkennen: Ech kann dat einfach lassloossen. An ech ka mäi Liewen esou liewen, wéi ech dat deen Dag oder déi Woch grad fillen.”
Dobäi ass et net esou, wéi wann Nora net probéiert hätt, sech am binäre System erëmzefannen. Et huet awer net fonctionéiert, Nora huet sech net wuelgefillt.
Déi Saach mat de Pronomen
Een Thema sinn zum Beispill och d’Pronomen, mat deenen een net-binär Persounen uschwätzt. Och hei ass den Ëmgang ganz ënnerschiddlech. Nora Schneider notzt all d’Pronomen, him wär dat Theema net esou wichteg. Dat ass awer net fir jiddereen de Fall. Mara Stieber notzt d’Pronomen they/them. Et ginn awer och Neopronomen wéi xier oder dey.
Grondsätzlech réit Mara dozou, nozefroen: "Wann een zum Beispill déi éischte Kéier eng net-binär Persoun kenne léiert, dass ee freet, wat sinn déi Pronomen, déi s du benotz? Op Franséisch ass et dann anescht wéi op Englesch, wéi op Lëtzebuergesch. Do kann een och wierklech ëm Rot froen, wéi déi Persoun wëll ugeschwat ginn. Dat ass am Fong ëmmer eng schéin Erfarung."
Mara Stieber ass Conseiller.e fir Gender, Diversitéit an Inklusioun a schafft aktuell dorunner, sech selbstänneg ze maachen, fir an Zukunft Atelieren zu Gendertheemen ubidden ze kënnen an och berodend zur Säit ze stoen. "Wann ee sech iert, well een et net weess, meeschtens gëtt een dann einfach korrigéiert an da muss een dorausser och keng grouss Saach maachen. Et entschëllegt ee sech séier an da benotzt een einfach déi richteg Pronomen", erkläert Nora Schneider. "A menger Erfarung, souguer wann ee sech an Zukunft iert, mee et weist een, dass een awer een Effort mécht, dann ass dat net deen Drama, dee verschidde Leit dorausser maache wëllen. Wann ee seet: Dierf ech mech elo net méi ieren?"
Fir de franséischsproochege Raum kann dësen online Dictionnaire hëllefen, déi richteg Formuléierung ze fannen.
All 100. Persoun ass net-binär
Et gëtt geschat, dass 1 Prozent vun de Mënsche sech als net-binär identifizéieren. Dat ergëtt eng Ëmfro vum franséischen Institut fir Maartfuerschung Ipsos vum leschte Joer.
Iwwer 22.000 Leit aus 30 Länner tëscht 16 a 74 Joer hu bei der Ëmfro matgemaach an uginn, wéi si no der Identitéit gefrot goufen, dass si net-binär sinn. 1 Prozent huet iwwregens trans uginn an e weidere Prozent huet keng Optioun ausgefëllt, awer och Mann a Fra ausgeschloss. Zu Lëtzebuerg ginn et nach keng Zuelen, wéi vill Leit sech als net-binär identifizéieren.
Wann ee just vu Männer a Fraen ausgeet, da schléisst een d’Realitéit vu ville Mënschen aus. D’Dr. Christel Baltes-Löhr ass mëttlerweil an der Pensioun, huet awer vill Joren an der Geschlechterfuerschung op der Uni Lëtzebuerg gefuerscht. Ënner anerem huet si d’Buch “Das Geschlecht als Kontinuum” geschriwwen.
"Wou ech 56 gebuer sinn, do gouf et op der Welt Männer a Fraen. Dat war awer falsch, et gouf ëmmer schonn intergeschlechtlech Leit, et gouf Leit, déi sech net an där Roll gutt gespiert hunn, déi si zougeschriwwe kruten", erkläert d’Genderfuerscherin. "An dat ass eppes, wou ech denken, dat gëtt 'der Würde des Menschen nicht gerecht', déi eeben an der Situatioun liewen. Datt si seet, ech sinn net weiblech an ech sinn net männlech. Awer déi falen all raus, déi ginn tabuiséiert. Et gëtt esou gemaach, wéi wa si onsiichtbar sinn."
Plazen, déi fräi vun Diskriminatioun sinn
Am Centre LGBTIQ+ Cigale trëfft sech eemol de Mount de Quint Grupp. Quint steet fir Queer, Unites, Intersex, Non Binary and Trans. Dobäi handelt et sech ëm ee sougenannte Safe Space. Eng Plaz, déi fräi vun Diskriminatioun ass, an där een net a Fro gestallt gëtt, wou ee sech net erkläre muss. Et wär wichteg, esou Plazen ze hunn, esou den Direkter Didier Schneider: "C’est encore très difficile pour les personnes non-binaires. C'est évident, Il y a des choses qui ne sont pas seulement non reconnue, mais qui sont aussi extrêmement jugés, parce que les gens ne connaissent pas la question, alors vous avez la fixation du mauvais pronoms qui souvent est mis en avant comme ça, mais c’est pas que ça, mais c’est aussi une personne qui dit voilà, je suis non-binaire, et vous avez des regards bizarres. Qu’est-ce que c’est ce truc?"
Et ginn nach ëmmer vill Erausfuerderunge fir net-binär Leit. Aktuell ass et zu Lëtzebuerg och esou, dass et beim Statut civil zwou Optioune ginn. "Ech sinn um Pass eng Fra an dat wär ech gären net méi", esou Mara Stieber. Obwuel schonn 2023 e Gesetzprojet sollt deposéiert ginn, deen eng drëtt Optioun virgesinn huet. Am Koalitiounsaccord vun der neier Regierung steet et och dran.
Dofir wär et och wichteg, ze sensibiliséieren, iwwert d'Theema ze schwätzen a visibel ze sinn. E Mann oder eng Fra musse sech ni erklären, wéi si wëssen, dass si männlech respektiv weiblech sinn. Eng net-binär Persoun muss sech déi ganzen Zäiten erklären.
Tabue briechen, informéieren a sensibiliséieren
Haasskommentarer kennen Nora a Mara aus eegener Erfarung. Déi zwee hu schonn online an och am richtege Liewen Ufeindunge wéinst hirer Geschlechtsidentitéit erlieft.
"Haassmomenter, déi ech wierklech a mengem Liewe par rapport zu menger Identitéit einfach hat, waren oft Leit, déi ech net kannt hunn, mat deenen ech net geschwat hunn, déi einfach gesinn hunn, dat ass eng Persoun, déi gesäit einfach queer aus. An ech ginn do einfach Haass dirigéieren", erzielt Nora Schneider. Dacks géif et net emol zum Dialog kommen, wou een eventuelle Versteesdemech kéint stattfannen.
Mara huet an England studéiert an et ass och do, wou Mara Momenter erlieft huet, déi net esou positiv waren a sech op d’Geschlechtsidentitéit bezunn hunn: "Ech hunn ëmmer d'Gefill, wann ech Haass am direkte Kontakt entgéintbruecht kréien, sinn et am Fong verschidde Sloganen, sou 'Catchphrases', déi een um Internet liest oder vu verschiddene Leit an de Medie verbreet ginn." Do géif een dacks änlech Parolle liesen, déi sech ëmmer nees reproduzéieren. "An am Fong huet et ganz wéineg mat där Persoun, déi viru mir steet a mat mir ze dinn. Mee vu dass déi Persoun, déi da géint den 'Genderblabla' ass, domadder konfrontéiert ass, dass meng Existenz do virun där Persoun steet, da kënnt dann deen Haassschwall quasi."