Police huet am Juni verstäerkt Motorradschauffere kontrolléiert

© RTL-Archiv
D'Police war am Juni besonnesch vill op de bei Motorradschauffere beléifte Strecken ënnerwee an huet kontrolléiert.
40 Motorradschaufferen hu missen eng Strof bezuelen. An 13 Fäll ware si ze séier ënnerwee. Ee Fürerschäi gouf nach op der Plaz agezunn, well de Chauffer amplaz vu 90 Stonnekilometer mat ganzer 141 km/h ënnerwee war. Op enger anerer Plaz gouf ee Motorradschauffer mat 55 km/h an enger 30er Zon erwëscht.
D'Police huet an hire Kontrollen ausserdeem zwee Chauffere wéinst schlechte Pneue protokolléiert, véier Leit hate Probleemer mam Auspuff an an aacht Fäll hunn d'Luuchten net richteg funktionéiert. Eng Rei Chauffere kruten iwwerdeems dann nach e Protokoll, well se zum Beispill Verkéiersschëlder ignoréiert oder e Bildschierm bedéngt haten.