Kuerz virun 9 Auer hat e Camion um CR102 tëscht Miersch a Schëndels seng Remorque verluer.

Wéinst dem Accident hat d'Strooss misse fir e puer Stonne gespaart ginn. Géing 13 Auer ass se dunn nees fir de Verkéier opgaangen an och d'Sortie Schëndels op der A7 a Richtung Stad ass e Freideg am Nomëtteg nees opgaangen.