Hei zu Lëtzebuerg war den ungareschen Ambassadeur grad amgaang, d’Prioritéite vun der EU-Presidence virzestellen, wéi d’Nouvelle gefall ass. Eng Presentatioun, déi an de Schied vun der Visitt vum Orban zu Moskau geroden ass. Den Ambassadeur Tamas Kovacs hat et grad fäerdeg bruecht, wärend ronn 3/4 Stonn iwwer d’Kompetitivitéit vun der EU, Verdeedegungspolitik, EU-Erweiderung, Illegal Migratioun, Zesummenhalt, Landwirtschaft an demographesch Erausfuerderungen ze schwätzen, ouni vu sech aus, och nëmmen eemol d’Ukrain z’ernimmen. Iwwerdeems um selwechten Ament, de Fliger vum pro-russesche Premier Viktor Orban zu Moskau gelant ass. Dorop ugeschwat, huet een dunn e gewësse Malaise gespuert.
Iert den héijen Diplomat erkläert huet, eng vun den éischte Reese vum Premier Orban zanter dem Ufank vun der ungarescher EU- Presidence, hätt jo op Kiew bei den ukrainesche President Selenskyj gefouert.
''Dat hei ass den Ufank vun engem Friddensprojet. Am Intressi vum Wuelstand um ganze Kontinent, vu sengen Awunner. Laangfristeg. E Projet am Intresse vun der Europäescher Unioun. Fridde soll d’Zil sinn. Et gëtt net vill iwwer Fridde geschwat. Dat muss awer onst Ziel sinn. E Krich, an deem keen Enn a Siicht ass, ass menger Meenung no net eppes, wat wënschenswäert ass. '' sou den ungareschen Ambassadeur.
Op Visitte zu Kiew hätt de Premier Orban kloer de Message verstanen, datt de President Selenskyj d’Russe mat um Verhandlungsdësch wéilt hunn. Ungarn wier do bereet, eng Vermëttlerroll z’iwwerhuelen. Um Enn géif et drëms goen, de weideren Doud vun Honnerte Mënschen ze verhënneren.
Eng Rees op Moskau, déi awer ganz schlecht bei villen EU-Partner ukënnt.
Virop d’Rees elo op Moskau vum Viktor Orban, direkt nodeem säi Land d’EU-Presidence iwwerholl huet, suerge fir hefteg Reaktioune bannent der EU. 5 Deeg hätt et gedauert, iert Budapest sech den éischte Faux-Pas geleescht huet. D’Roll vun der EU-Presidentschaft wier déi, neutral op ze trieden. A wann, da wier en offiziellt Mandat néideg, fir d’EU ze vertrieden. Dat ass hei kloer net de Fall. De Viktor Orban huet kee Mandat, fir d’EU ze vertrieden. An dat weess den ungaresche Premier och.
Et sinn unilateral Initiative vun der ungarescher Regierung, sou d’Reaktioun vun de Leader vun der Europäescher Unioun. Vum Rotspresident Charles Michel bis bei Kommissiouns-Presidentin Ursula Von der Leyen. Leader, deenen den Orban virgeheit, et kéint ee sech net an d’Fotell zeréckleeën an drop waarden, datt de Krich wéi duerch e Wonner op en Enn geet.
Fir den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen ass et eng inakzeptabel Visitt a Krichszäiten.
“De Putin huet Dausende Leit ëmbrénge gelooss, Kanner verschleefe gelooss. Dat si Krichsverbriechen a mat Krichsverbriecher trëfft ee sech net! Wa mer eng Kéier wëlle schwätzen, da muss fir d’éischt emol opgehale ginn ze schéissen, da muss déi territorial Integritéit vun der Ukrain erëm hiergestallt ginn. Dat ass emol déi éischt Konditioun.”
D’Europadeputéiert vun déi Gréng, d’Tilly Metz, ass genee sou entsat iwwer déi éischt Deeg vun der ungarescher EU Presidence.
“Dat do ass wierklech net den Ament fir deen do Wee ze goen. De Victor Orban stellt och d’Credibilitéit vun der Europäescher Unioun domadder a Fro. Ech fannen dat do net gutt, net seriö an irresponsabel, datt hien do esou Initiativen hëlt.”
Dem Victor Orban seng prorussesch Astellung iwwerrascht awer net. Déi kennt een aus der Vergaangenheet, wou hien zum Beispill probéiert huet Sanktioune géint Moskau ze verhënneren.
“Den Orban ass e grousse Kolleeg vum Putin an dat do ass natierlech net tolerabel, wat en do amgaang ass ze maachen. Hie probéiert sech elo als Vermëttler oder als Friddensstëfter z’inzeenéieren. Och dat ass net akzeptabel. Dat do ass puere Populismus, mä mir wëssen och, datt seng Campagnen deelweis vu Moskau bezuelt gi sinn.”
Et ass eng Roll, an där de Victor Orban och net iwwerzeegt. Zemools well en - wéi d’Tilly Metz ënnersträicht- d’Mënscherechter an de Rechtsstaat a sengem eegene Land net respektéiert.
“Alles, dat passt net bei een, dee sech elo well als Peacemaker duerstellen, als een, dee fir de Fridde wëll suergen tëschent zwee Länner. Ech fannen et de falschen Ament, de falsche Wee, déi falsch Method an et war net ofgeschwat.”