An dee Chiffer ass nach net emol komplett. Gemenge sinn net obligéiert, esou eng Prise en charge ausserhalb vun de Schoulstonnen z‘assuréieren.

Waardelëschten a Maison-relaisen / Reportage Maxime Gillen

D‘Demande dofir geet awer konstant an d‘Luucht.
 
Wéi vill Plaze genee feelen, ass net gewosst. Den zoustännege Ministère huet dës Donnéeën aktuell net. Uganks des Joers huet den Educatiounsministère e Questionnaire un alleguer d‘Strukturen am Land fir Kanner am Precoce oder an der Grondschoul geschéckt, fir ze froen, wéi laang d‘Waardelëschten an den eenzelen Haiser sinn. Vun de ronn 360 Strukturen, déi ugeschriwwe goufen, huet een Drëttel iwwerhaapt net geäntwert. An deenen aneren zwee Drëttel vun den Haiser ginn et, de virleefegen Donnéeë vum Ministère no, Waardelëschte fir knapp 5.400 Plazen.

Donnéeë loosse sech kaum vergläichen

Allerdéngs sinn dës keng definitiv Zuelen a virun allem stellt all Gestionnaire dës Zuelen no eege Critèren zesummen. Verschidde Gemengen zielen zum Beispill all eenzel Demande, déi bei hinnen erakënnt, onofhängeg dovun, ob déi respektiv Kanner eligibel fir eng Plaz sinn oder net. Bei anere Gestionnairë packe just déi Kanner et iwwerhaapt an d‘Statistik, déi laut hire Reegelen och tatsächlech Usproch op eng Plaz hunn. An der Stad an zu Esch sinn dat allkéiers ronn 200 Kanner, déi e Recht op eng Plaz hätten, ma keng méi kréien.
 
Ënnerschiddlech ass och, ob Elteren hir Kanner dat ganzt Joer iwwer kënnen umellen oder net. Sécher ass awer, dass et fir vill Gestionnairen, dorënner ganz dacks Gemengen, schwiereg ass, der Demande gerecht ze ginn. Déi gréisste Probleemer dobäi sinn, déi néideg Infrastruktur ze fannen oder ze schafen an dat néidegt Personal z‘engagéieren.

Formal an non-formal Bildung ënnert engem Daach

Ginn nei Gebaier gebaut, gi vill Gemengen ewell op de Wee, doran déi formal Schoulbildung méi no un déi non-formal Bildung no der Schoul erunzebréngen, esou dass d‘Klassesäll an d‘Maison relais an engem Gebai oder op deem selwechte Campus sinn. Dat wier net nëmme méi einfach fir d‘Kanner, esou den zoustännege Schäffen an der Stad, Paul Galles, ma et géif och d‘Zesummenaarbecht tëscht dem Personal verbesseren.
 
Dobäi géif et awer e Probleem, betount de Meris Sehovic, Schoulschäffen zu Esch. Aktuell wieren d‘Standarden, déi beim Bau vun enger Schoul a bei enger Maison relais mussen agehale ginn, net déi selwecht. "De Staat schreift vir zum Beispill, dass an enger Schoul 15 Träppleken duerfen op enger Trap sinn. An enger Maison relais sinn et der 16. Dat heescht, mir hunn onkoherent Reegelen am Moment, déi de Bau vun integréierte Gebaier, wou eng Maison relais an engem Schoulgebai ass, méi komplizéiert a méi deier mécht." Den Escher Schäffen hofft, dass d‘Regierung dës Standarden esou séier wéi méiglech harmoniséiert.

Al Gebaier ëmbauen, fir Penurie ze stoppen

D‘Realitéit ass awer op ville Plazen, dass déi Responsabel frou sinn, iwwerhaapt genuch Gebaier ze hunn, fir alle Kanner eng Plaz kënnen z‘offréieren. Dofir ginn heefeg al Gebaier ëmgebaut, wéi zum Beispill déi fréier Grondschoul am Neiduerf, déi dëse Summer hir Dieren als Foyer de jour fir 140 Kanner wäert opmaachen. Och zu Esch gëtt all Optioun genotzt, erkläert den Escher Schäffe Meris Sehovic. "Mir hunn decidéiert, dass mer Gebailechkeeten, déi der Stad gehéieren an déi eigentlech fir de Verkaf destinéiert waren, dass mer dat net maachen, dass mer dat Gebai halen an do eng zousätzlech Maison relais nach mat weideren 80 Chaise wäerten amenagéieren."

D'Zil ass et, dass et am September 2025 zu Esch keng Waardelëschte méi wäert ginn, fir Kanner, déi bei engem Elterendeel liewen oder bei deem béid Eltere schaffen.
 
Esouwuel an der Stad wéi zu Esch, hunn déi politesch Responsabel awer d‘Ambitioun, iergendwann kënnen all Kand eng Plaz an enger Maison relais oder engem Foyer kënnen unzebidden, egal ob d‘Eltere schaffen oder net. Dowéinst ginn et zu Esch och zwou Lëschten. Dat eent ass eng reell Waardelëscht mat deene Kanner, déi eligibel si fir eng Plaz. „Do donieft féiere mer eng zweet Lëscht, wou mer den Iwwerbléck behalen, vun allen Demanden, déi mer erakréien. Och vun deenen Elteren, déi d'Krittären net erfëllen", esou den zoustännegen Escher Schäffen Meris Sehovic. "Mir kommen hoffentlech och iergendwann an d'Situatioun, dass mer doriwwer eraus genuch Capacitéiten hunn, fir och Kanner opzehuelen, wou d'Elteren net all d'Krittären erfëllen, well zum Beispill just een Elterendeel schafft an dat anert Elterendeel net", fënnt den Escher Schäffen.
 
Dofir mussen déi néideg Infrastrukture geschaaft ginn. Iwwert dat nächst Schouljoer sollen zu Esch 3 nei Maison-relaisen mat méi wéi 400 Plaze derbäi kommen. Och an der Stad ginn an den nächste Méint 7 weider Foyeren op.

Akute Personalmanktem

Nieft der Infrastruktur bleift de Personalmanktem am Secteur eng grouss Erausfuerderung fir d‘Gestionnairen. Esouwuel zu Esch wéi an der Stad ass een dowéinst op de Wee gaangen d‘Aarbechtskonditiounen méi attraktiv ze maachen. Ma béid Schäffe si sech eens, an Zukunft ginn nach vill méi Educateuren an Educatricen fir déi non-formal Bildung gebraucht.

Previsioune sollen hëllefen, prett ze sinn

Fir awer genee ze wëssen, wéi vill Kanner an Zukunft an d‘Schoulen a Maison-relaise wäerte goen, maache béid Gemenge Previsiounen. Zu Esch gëtt dat intern mat den zoustännege Servicer op Basis „vum PAG an deene PAPen gemaach, déi schonn ënnerwee sinn“. Dem Meris Sehovic no kéint ee jo ongeféier ofschätzen, wéi vill Leit wäerten op Esch plënneren a wéi eng Besoinen a wéi enge Quartieren doduerch wäerten entstoen. An der Stad kënnt nach déi relativ grouss privat Schouloffer derbäi, déi vun eppes manner wéi der Hallschent vun alle Stater Kanner genotzt gëtt. Fir hir Projektiounen ze maachen, schafft d‘Stad Lëtzebuerg iwwerdeems mat enger externer Entreprise zesummen.