D'Justizministesch Elisabeth Margue huet e Mëttwoch éischt Detailer an der zoustänneger Chamberkommissioun presentéiert.

Dat ënner anerem, fir fir Kloerheet beim ëmstriddenen Heescheverbuet ze suergen. Am neien Text geet och net méi vun “organiséierter” Heescherei riets. Déi “aggressiv” Heescherei ass strofbar, déi "einfach" Heescherei kënnt aus dem Code pénal eraus.
 
D’Oppositioun huet kritiséiert, wat dann déi legal Basis fir den Heescheverbuet an der Stad wier, wann déi einfach Heescherei aus dem Code pénal erausgeholl gëtt.

De Code pénal wär ni d’Basis gewiescht fir d’Stater Policereglement, sot d’Ministesch Margue, mä deen Dekret vu 1789, deen dacks vum Minister Gloden zitéiert gouf. An dee soll och iwwerschafft ginn.