Programm fir de 26. September ass bekannt
© AFP
De Poopst Franziskus, deen am Dezember 88 Joer kritt, ass virdrun op enger Asientour, wou hie verschidde Länner wéi Indonesien oder Singapur besicht.
8 Stonne laang ass de Poopst Franziskus en Donneschdeg, de 26. September op Staatsvisitt zu Lëtzebuerg. Zanter e Freideg ass de Programm dann och offiziell bekannt.
Moies um 10 gëtt de Chef vun der kathoulescher Kierch um Findel vun der groussherzoglecher Koppel an dem Premier Luc Frieden empfaangen, éier da géint Mëtteg eng Renconter am Stater Cercle mat invitéierte Vertrieder aus dem ëffentlechen a private Liewen ass.
D'Leit kréien da wärend enger hallwer Stonn géint 13 Auer d'Geleeënheet, de Poopst François ze gesinn, wann hie mam Papamobil duerch d'Stad fiert.
Duerno ass eng Paus, éier um 16.30 Auer dann an der Stater Kathedral eng Renconter mat invitéierte Katholicken ass. An dëser Zeremonie wäerte sech Jonker an Text-Messagen an Dänz un de Poopst adresséieren an d'Liewen an der Lëtzebuerger Diözes thematiséieren. An engem Mount informéiert de Bistum, wéi ee sech fir dës Poopstfeier kann umellen, well d'Plaze limitéiert sinn. Eng Mass oder soss eng reliéis Zeremonie steet deemno net um Programm vun der Dagesvisitt vum Poopst.
Géint 18 Auer flitt den héchste Vertrieder vum hellege Stull da weider an d'Belsch, wou déi offiziell Visitt weidergeet.
Den Ofschloss ass no enger Visitt vum Poopst zu Louvain-la-Neuve eng grouss Mass mat zeg dausende Gleewegen am Bréisseler Stade Roi Baudouin. Dat ass e Sonndeg, den 29. September.