E Freideg den Owend gouf e Beamten am Déngscht blesséiert, nodeems eng Policepatrull eng Automobilistin opgefuerdert hat, eng Livraisounszon ze verloossen.

De Virfall war géint 17 Auer an der Rue Prince Henri zu Ettelbréck. Beamten haten eng Automobilistin opgefuerdert, hiren Auto aus der Zone de Livraison ze réckelen. Wou si hir Dier bei der Kontroll vun den anere Leit am Auto opgemaach huet, koum de Polizisten de Geroch vu Cannabis entgéint, wéi d'Police e Samschdeg matdeelt. De Bäifuerer wier doropshin "rosen an ausseruerdentlech aggressiv" ginn.

Op ee Moment hätt de Bäifuerer seng Dier zougeschloenen, wouduerch ee Polizist blesséiert gouf, dee säin Aarm deen Ament tëscht dem Auto an der Autosdier hat. Obwuel de Bäifuerer sech staark gewiert hätt, wier hien doropshin direkt immobiliséiert ginn an en hätt Handschellen ukrut.

D'Handschellen hunn hiren Déngscht allerdéngs wéi et schéngt just zum Deel geleescht: bannen am Policewon huet de Mann weider randaléiert an esou laang op d'Schibedier vum Policeauto ageschloen, bis déi aus hirer Schinn gefall ass.

Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl. Souwuel den Auto, wéi och Suen an Droge goufe saiséiert.