Grupp hannert Pedophille-Juegten nennt sech "National Sozialistech Jugend"
© Image Envato Indypendenz
Hannert de Jonken, déi Pedophiller iwwerféiere wëllen, fir se ze humiliéieren, soll e Grupp mam Numm "National Sozialistech Jugend Lëtzebuerg"* stiechen.
En Dënschdeg hat de Parquet matgedeelt, datt et bei jonke Leit, déi presuméierte Pedophillen op soziale Reseaue wollte Fale stellen, Perquisitioune gouf. 3 jonk Erwuessener goufen en Dënschdeg vun der Police Judiciaire gehéiert, zwee Lëtzebuerger an ee Fransous. En Untersuchungsriichter hat den Uerder gi wéinst Opruff zum Has.
D’Faite baséieren op enger virtueller Campagne aus dem rietsextreme Milieu. Zil ass et, presuméierte Pedophillen eng Fal ze stellen, andeems Chats mat Mannerjärege virgetäuscht ginn, fir déi Persounen dann ëffentlech z’erniddregen oder ze bestrofen.
D’Lëtzebuerger Wort huet e Mëttwoch de Moien eege Recherchë verëffentlecht. Dem Wort-Journalist Maximilian Richard ass de Grupp virun 10 Deeg op TikTok opgefall.
"Do ass u sech ugefaange ginn, ganz aktiv iwwer TikTok eeben no Leit ze sichen, déi sech un Aktioune géint presuméiert Pedophiller bedeelege wéilten. Do war eigentlech och scho ganz kloer, datt et net drëms geet, fir Plainten ze maachen, mä datt et do wierklech drëms geet, fir Leit an den Hannerhalt ze locken a se ze schloen oder ze verletzen. Vun do aus ass de Wee dann op Telegram gaangen. Et gouf Linken, déi do gedeelt goufen. An deenen Chatgruppen ass ganz kloer eng grouss Gewaltbereetschaft gewiescht. Do si verschidde Gewaltfantasie formuléiert ginn an och iwwer Waffegebrauch ass geschwat ginn."
Et war séier kloer, wien hannert dem Grupp stécht, seet de Maximilian Richard, a wéi eng Ideologien, se vertrieden.
"Et ass e Grupp vu jonke Leit, déi sech als 'National Sozialistech Jugend Lëtzebuerg' bezeechent an eebe kloer Neonazie sinn an och antisemittesch a rietsextreemen Inhalter verbreeden. Bei der weiderer Recherche hunn ech dann och Propagandamaterial geséchert vun dëse Leit, déi se zum Beispill ënnert anerem weisen, wéi se um Juddekierfecht um Lampertsbierg virun engem Holocaustdenkmal sinn, wéi se do den Hitlergruß maachen."
Mir hunn de Wort-Journalist och gefrot, ob hien eppes iwwer méiglech Affer weess.
"Ganz rezent gëtt et menges Wëssens keng, do war dat Ganzt éischter nach an enger Planungsphas. Den haarde Kär, deen dat Ganzt awer an d'Liewe geruff huet, huet mengen Informatiounen no am Mee awer schonn eng Kéier probéiert eng Dot duerchzeféieren. Do ass e Mann harceléiert ginn an an der Suite gouf och d'Police informéiert an et goufe 4 jonk Männer matgeholl. Dat Ganzt hu si dann awer och selwer ganz stolz op hire Kanäl verbreet an doriwwer geschwat."
*An enger éischter Versioun vum Artikel stoung, d'Grupp géing sech "Nationalistesch Jugend Lëtzebuerg nennen. Se nennt sech awer "National Sozialistech Jugend Lëtzebuerg".