
Dësen hat dozou opgeruff, um Punkt 12 Auer en Donneschdeg Kaméidi ze schloen. Ophänkert ass eng Petitioun, déi fuerdert, datt LGBTIQ+-Themen aus de Stonnepläng vu mannerjärege Schüler erausgeholl ginn.
Esou e Verbuet wier eng kloer Zensur, heescht et iwwerdeems och en Donneschdeg an engem oppene Bréif vu Rosa Lëtzebuerg a 16 anere Signatairen. D’Roll vun de Schoule wier et, iwwert eis villfälteg Gesellschaft opzeklären an dat ganz ouni Virurteeler. D’Claire Schadeck vum CID Fraen an Gender huet en Donneschdeg an der Mëttesstonn zesumme mat ronn 60 Leit 5 Minutte laang Kaméidi gemaach, fir op de Sujet opmierksam ze maachen a betount, datt een an der Lescht gemierkt hätt, datt d’anti-queer an anti-feministesch Beweegungen a Stëmmen ëmmer méi haart ginn:
“Mir géinge gär an den Dialog trieden, fir och d’Angscht vun de Leit ewechzehuelen. Et si sou haart Fronten tëscht zwou Säiten, déi net do misste sinn. Dofir ass den Dialog wichteg. Och mat den Elteren, fir ze soen, datt ee keng Angscht brauch ze hunn fir LGBTIQ+ Sujeten an der Schoul ze thematiséieren.”
“Dësen Donneschdeg hu mir an der Mëttesstonn wärend 5 Minutte Kaméidi fir Mënscherechter gemaach. Dëst ass eng Reaktioun op d’Petitioun 3198 an ee kloert Zeeche géint Homophobie a Queerfeindlechkeet. Mir wëllen drun erënneren, dass Mënscherechter net verhandelbar sinn – weder an der Schoul, nach an der Chamber. Mir soen all Persoun Merci, déi sech haut solidariséiert huet.“
Am oppene Bréif, deen och vum CID Fraen an Gender ënnerschriwwen ass, gëtt och d’Fro opgeworf, wéi et iwwerhaapt méiglech ass, datt esou eng Petitioun als recevabel ugesi gouf. Wann een d’queer Identitéiten an de Schoulen wéilt onsiichtbar maachen an dës kloer wéilt ausgrenzen, wier dat e queerphoben Akt an domat géif d’Petitioun géint déi ethesch Prinzippie goen, déi eng Petitioun misst erfëllen.
Ëffentlech Petitioune musse verschidde Krittären erfëllen: engersäits muss d’Uleies vu generellem Interesse sinn, anersäits muss d’Petitioun op verständlech an neutral Aart a Weis geschriwwe sinn an dierf net géint ethesch Prinzippie verstoussen. De Prinzip vun der Meenungsfräiheet wier primordial, seet d’Presidentin vun der Petitiounskommissioun, Francine Closener a betount, datt d’Kommissioun unanime sot, datt déi genannte Petitioun recevabel wier.
Et hätt keng grouss Diskussioun ginn, well kloer war, datt den Text virsiichteg formuléiert war....
Den Text ass net radikal formuléiert, d’Formuléierungen sinn net kloer offensichtlech diskriminéierend oder homophob, oder ruffen zum Haass op.
Wat awer fir d’Francine Closener net heescht, datt si als LSAP-Deputéiert déi nämmlecht Meenung huet.
“Ech sinn iwwerzeegt, datt et noutwenneg ass, d’LGBTIQ-Thematik an der Schoul ze behandelen, mee meng Meenung ass net relevant an der Kommissioun, wann et ëm d’Fro geet, ob eng Petitioun recevabel ass oder net.”
An den Ae vum David Wagner vun déi Lenk kann een awer hei vun engem Grenzfall schwätzen.
“Dat misst een an der Petitiounskommissioun diskutéieren an dat gouf och schonn oft gemaach, wou een de roude Stëft zitt. Et gëtt kee Konsens an der Petitiounskommissioun, mee déi do Petitioun beweist, datt et néideg ass, dat erëm ze kucken. Ech weess awer net a wéi wäit een dat formaliséiere kann.”
Datt d’Petitioun homophob wier, fënnt den Tom Weidig vun der ADR net. Deen iwwerdeems betount, de Petitionär net ze kennen, awer der Meenung ass, datt de Face-à-Face, deen hie bei eis op der Antenn hat mam Tom Hecker alias “Tatta Tom”, en Impakt hat an d’Petitioun vläicht dorausser eraus entstanen ass.
“Meng Partei seet kloer, datt et ok ass an datt Leit Petitioune solle maachen an och kënne Meenunge bréngen, déi net Mainstream sinn, an déi och géint staark Lobby-Associatioune ginn. Mir liewen an enger Demokratie an de beschte Beweis ass, datt 7.000 Leit där nämmlechter Meenung sinn.”
D’Presidentin vun der Petitiounskommissioun Francine Closener huet iwwerdeems betount, datt an de leschten zwee Deeg véier Demandë vu Petitiounen erakoumen, déi just de Contraire fuerderen.
Um Internetsite www.petitiounen.lu kann een an der Rubrik “Meeschtgestallte Froen” och d’Krittären noliesen, déi eng ëffentlech Petitioun muss erfëllen.
Hei steet:
D’Uleies muss vu generellem Interesse sinn. D’Petitioun däerf kee perséinleche Bezuch hunn. (Evitéiert Formuléierunge mat „ech“ oder „mir“!)