CGDIS3 Blesséierter bei Accidenter um Sonndeg am Nomëtteg

RTL Lëtzebuerg
Accident um 14.45 Auer op der Streck Bäerdref-Iechternach: Ee Cyclist ass mat engem Foussgänger kollidéiert.

Eng Persoun gouf verwonnt. De Rettungshelikopter war op der Plaz.

Géint 17.36 Auer ass um Fridbësch e Motocyclist mat senger Maschinn gefall a gouf blesséiert. D’Ambulanz vu Wolz, grad ewéi d’Pompjeeë vun Housen a Buerschent waren am Asaz.

Nëmmen e puer Minutte méi spéit koum et am Heischtergronn zu engem Accident tëscht zwee Autoen. Och hei gouf et ee Blesséierten. Eng Ambulanz vu Rammerech an d’Pompjeeën Alebesch waren op d’Plaz geruff. ginn.

Back to Top
CIM LOGO