Zwee Poliziste verwonnt
Presuméierten Abriecher wollt sech net verhafte loossen

E Samschdeg kuerz no 23 Auer gouf eng verdächteg Persoun zu Märel gemellt. Si wier an der Lonkecher Strooss an e puer Appartementsgebaier eragaangen.
Eng Policepatrull konnt de Verdächtege kuerz drop am Keller vun engem Wunnkomplex ermëttelen. De Verdächtegen huet d'Polizisten direkt ugegraff an huet mussen immobiliséiert ginn. En huet sech nawell zolidd gewiert an huet dobäi déi zwee Beamten och verwonnt. Um Enn hunn d'Polizisten awer d'Iwwerhand behalen a si konnten e mat op de Büro huelen.
De Mann war keen Onbekannte fir d'Justiz. De Mann hat e Sonndeg scho Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.
Am meeschte gelies