D'Police hat nawell méi ze dinn an de leschten Deeg. Op e puer Plazen am Land hate sech Chaufferen alkoholiséiert hannert d'Steier gesat.

Op e puer Plaze kruten Automobilisten hire Permis wéinst Alkohol ewechgeholl, an der Stad gouf e presuméierten Drogendealer gepëtzt an um Stauséi hate sech e puer Leit de Batti gestallt.

En Dënschdeg krut d'Police am Nomëtteg en Auto an der Beetebuerger Strooss zu Fenteng gemellt, deen e Gelänner ze pake krut. De Chauffer hätt den Auto verlooss, wuel ouni e Gang anzeleeën oder d'Handbrems ze zéien. Et bestoung allerdéngs de Verdacht, dass de Mann gedronk hat, dowéinst gouf en Alkoholtest duerchgefouert, dee positiv war. Hie krut e provisoresche Fuerverbuet.

Um fréien Owend da gouf ee weideren alkoholiséierte Fuerer gemellt, dat an der Iechternacher Strooss zu Waasserbëlleg. Eng Policepatrull huet de Mann op der gemellter Plaz ugetraff an hie getest. Den Alkoholtest war positiv an de Permis gouf agezunn.

Méi spéit dunn huet d'Police um Boulevard Prince Henri zu Esch e Gefier kontrolléiert, dat am Zickzack ënnerwee war. En Test war positiv, ma donieft koum nach eraus, dass d'Pabeiere vum Auto net an der Rei wieren. De Mann hat weder eng Assurance, nach eng Vignette oder e valabele Contrôle technique. De Chauffer krut de Fürerschäin ewechgeholl an op Uerder vum Parquet goufe de Won saiséiert.

E Mëttwoch de Moie war dann nach e Won op der A13 am Zickzack ënnerwee. Wéi Zeie gemellt hunn, wier den Auto och ëmmer nees op d'Pannespuer geroden. Eng Patrull huet dësen op der Héicht vum Tunnel Munneref gestoppt. En Test war positiv an den Automobilist krut e provisoresche Fuerverbuet.

Presuméierten Drogendealer gepëtzt

Géint 19 Auer en Dënschdeg huet eng Patrull e Mann op der Passerelle am Garer Quartier an der Stad kontrolléiert, well de Verdacht bestanen huet, dass et sech ëm en Dealer handele kéint. Bei der Kontroll huet de Verdächtegen uginn, e puer Bulle Kokain an Heroin geschléckt ze hunn.

Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a gouf mat Hëllef vun engem Scanner ënnersicht. Hien hat 25 Friemkierper a sech. De presuméierten Dealer hat e Mëttwoch e Moie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.