Um ieweschten Deel vum Séi zu Wäiswampech däerf een aktuell wéinst Bloalgen net schwamme goen. D'Waasserwirtschaftsamt deelt dat offiziell mat.

Um ënneschten Deel vum Séi zu Wäiswampech ass schwammen nach weider erlaabt. Och um Stauséi, op de Baggerweieren zu Rëmerschen an am Iechternacher Séi, do wou d'Schwammen erlaabt ass, däerf een aktuell an d'Waasser.