"E Kand, wat gutt a richteg opgekläert ass, ass besser geschützt"
LGBT-Theemë sinn am Schoulprogramm an de Lycéeën oder am Plan d’études am Fondamental net explizitt virgesinn.
Allerdéngs fënnt een esou Inhalter, déi ëm LGBT-Theeme ginn, am Material erëm, dat an de Coursen "Vie et société" oder an de Naturwëssenschafte benotzt gëtt. Dat am Zesummenhang mat de sexueller Educatioun, déi altersgerecht, am Programm virgesinn ass.
Den Direkter vum SCRIPT, de Service, dee fir d’schoulesch Entwécklung zoustänneg ass, de Luc Weis, betount am RTL-Interview, datt Themen ewéi sexuell an affektiv Orientéierung «just e ganz, ganz klengen Deel» vun der Educatioun duerstellen, nieft dem Schreiwen- a Liese-Léieren, der Mathé oder nach Wëssenschaften. Wann Enseignante sech mat deem «ganz, ganz klengen Deel» mat de Schüler beschäftegen, da steet néierens am Programm, datt LGBT soll traitéiert ginn, mee datt Kanner sollen d’Kierperdeeler kennen oder nach wéi eng Geschlechter oder sexuell Orientéierungen et ginn, erkläert de Luc Weis.
Zil ass et, datt d’Kanner a Jugendlecher an der Welt besser eens ginn, mee och se ze schützen. Den Direkter vum SCRIPT seet d’Wëssenschaft wier sech eens, datt e Kand, wat gutt opgekläert ass, besser geschützt ass géint Mëssbrauch, géint ongewollte Schwangerschaften, géint Intoleranz par Rapport zu sech selwer, mee och aneren.
Fakten a kee Glawen
An de leschte Joren am Fondamental ginn déi Theemen als éischt ugeschnidden, iert een am Secondaire méi an den Detail geet. «Eng gesond sexuell Opklärung fänkt ganz fréi un awer net mat explizitte Saachen», esou de Luc Weis. Mat ganz vill Uecht géing een de Kanner d’Kierperdeeler bäibréngen, mee och wat gutt oder schlecht Beréierunge kënne sinn. Wichteg wier och schonn, vun der Spillschoul un de Kanner ze soen, datt Jongen a Meedercher gläich sinn an kee méi Wäert huet ewéi deen aneren.
Méi spéit dann, wa Kanner sech och Froe stellen, zum Beispill wa se e Jong gesinn engem anere Jong e Kuss ginn. Do géing d’Schoul an altersgerecht Äntwerte liwweren. De Luc Weis erënnert och drun, datt Enseignanten fir unzefänken «neutral» sinn. De Risiko, datt en Enseignant seng eege Meenung mat abrénge géing, gesäit den Direkter vum SCRIPT net, well et ëm Fakte géing goen an net ëm Glawen: « Et gi méi Geschlechter, et gëtt verschidde sexuell Orientéierungen an der Gesellschaft, et gëtt ënnerschiddlech Realitéiten».
Partnerschaft tëscht Famill a Schoul
Et wéilt een och d’Kanner net duerchernee maachen, quitt, datt dem Luc Weis no «Léieren ëmmer verwirrend ass». Hien huet d’Beispiller vum Krich, Krankheeten oder den Doud genannt. Dat wiere Realitéiten, iwwert déi ee sech vill Froe stellt, mee et wieren «héich relevant» Froen.
Ass et net un den Elteren ze decidéieren wéini a wéi hir Kanner iwwert Themen ewéi Sexualitéit opgekläert ginn? Den Direkter vum SCRIPT äntwert, datt am Gesetz eng kloer Partnerschaft virgesinn ass tëscht den Elteren an der formaler a non-formalter Bildung: «mir mussen un engem Strang zéien fir déi Jonk prett ze maachë fir d’Zukunft». D’Famill hätt och e Recht op hir Aart a Weis déi do Inhalter ze vermëttelen. Mee se misst och verstoen, datt et net an all Famill méiglech ass déi Froen ze beäntwerten well se tabuiséiert ginn.
D’Gesetz leet d’Grondlag fir d’Gesellschaft an hirer Diversitéit durzestellen. Am Artikel 1 vum neie Schoulgesetz vu läschtem Joer steet: Nieft dem Wëssen an de Kompetenzen muss den Enseignement de Schüler och de Respekt viru sech selwer a senger Identitéit iwwermëttelen. Ënnert anerem dann och de Respekt virun den anere Meenungen an de de Valeuren vun enger demokratescher Gesellschaft. De Prinzip vun der Gläichheet steet héisch an all Form vun Diskriminéierung soll ënnerbonnë ginn.