Den iwwerschafften Text war den 10. Juli kuerz virun der Summerpaus nach an der Chamber gestëmmt ginn.

Nei ass, datt vun elo un d'Agencefraisen 50/50 tëscht dem Locataire an dem Proprietär opgedeelt ginn. Bis elo huet de Locataire déi Onkäschten integral gedroen. D'Locatairë musse just nach maximal zwee amplaz vun 3 Méint Loyer als Garantie hannerleeën. Donieft goufen och nei Modalitéite fixéiert, wéi en d'Kautioun erëm kritt, wann ee rausplënnert. De Proprietär muss beispillsweis an Zäit vun engem Mount schonn d'Hallschent ausbezuelen, wa kee gréissere Schued a senger Wunneng gemaach gouf.

Anescht wéi am initialen Text vum viregte Logementsminister, dem gréngen Henri Kox kënnt fir den Ament keen neien Mietendeckel. Fir den Ament. Den aktuelle Logementsminister Claude Meisch hat beim Vott an der Chamber erkläert, datt hie bis Enn Juni d'nächst Joer en neie Projet dozou presentéiere wëll. No engem negativen Avis vum Staatsrot war de Gesetztext fatzeg iwwerschafft ginn. Mat ganzer dräi Serien vun Amendementer. Donieft war et och de politesche Wëlle fir der aktueller schwiereger Situatioun um Wunnengsmaart méi Rechnung ze droen.

An Zukunft muss dann all Loyerskontrakt verflichtend schrëftlech sinn a sech och u gewësse gesetzlech Virgaben halen. Am Kontrakt muss och drastoen, datt de Loyer net méi héich ass wéi déi 5% vum investéierte Kapital. A Colocatioune kréien och eng gesetzlech Basis.