Corinne Cahen iwwer CaritasEenzel Leeschtunge kéinte provisoresch oder definitiv vun aneren iwwerholl ginn

RTL Lëtzebuerg
D’Sozial-Schäffin vun der Stad Lëtzebuerg Corinne Cahen sot am RTL-Interview: "bis elo ass all Géigeleeschtung geliwwert ginn".

No der Nouvelle vum Detournement vu 61 Milliounen Euro bei der Caritas hat de Premier Luc Frieden deklaréiert, datt keen eenzegen Euro méi géing un d’Caritas fléissen. Dat esoulaang keng Garantie do wier, datt d’Suen tatsächlech fir d’Déngschtleeschtunge gebraucht ginn, fir déi se geduecht sinn. De Luc Frieden sot, d’Caritas kréich pro Joer ronn 45 Milliounen Euro vum Staat. 21 Millioune wiere schonn iwwerwise ginn, mee fir déi hätt ee jo Servicer geliwwert kritt, hat de Premier erkläert.

Iwwerdeems d’Enquête leeft, huet d’Caritas awer antëscht e Krise-Comité mat externer Berodung op d’Been gesat, mee et ass nach net kloer, ob d’Regierung doranner genuch Garantie gesäit, fir déi nächst Avancen z’iwwerweisen.

D’Caritas schafft net just fir de Staat, mee och fir d’Stad Lëtzebuerg. Dem Budget vun der Ville de Luxembourg no, si fir dëst Joer 2,5 Milliounen Euro virgesinn, ënnert anerem fir Streetwork, Epicerie sociale a Bistrot social, mee och fir d’Caritas Accueil et Solidarité. Quitt, datt d’Zomm déi d’Stad Lëtzebuerg der Caritas gëtt däitlech méi kleng ass ewéi de Staat, esou huet d’Stad Lëtzebuerg e Problem, well se d’Zomm fir d’ganzt Joer schonn iwwerwisen huet. Am Géigesaz zum Staat, dee seng Subventiounen an Tranchen iwwerweist, mécht d’Stad Lëtzebuerg dat an engem Coup ufanks vum Joer.

D’Sozial-Schäffin vun der Stad Lëtzebuerg Corinne Cahen sot ons am RTL-Interview: “bis elo ass all Géigeleeschtung geliwwert ginn”. Elo misst een déi nächst Schrëtt bei der Caritas ofwaarden. “Ons ass et wichteg, datt d’Servicer weiderlafen, an datt mir eis weider kënnen ëm d’Leit këmmeren”, esou d’Corinne Cahen.

Corinne Cahen iwwer Caritas: "Ons ass wichteg, dass d'Servier weiderlafen"
Mir mussen eis weider ëm d’Leit këmmeren.

Si ass optimistesch, datt d’Stad fir hir Suen all d’Déngschtleeschtunge wäert geliwwert kréien. Si hätt och “vollst Vertrauen” an de Christian Billon, deen de Krise-Comité bei der Caritas féiert. Si schléisst awer net aus, datt aner Organisatiounen eenzel Déngschtleeschtungen “provisoresch oder definitiv” iwwerhuelen, “mee dat wäerte mir dann alles am September kucken”.

*Offiziell seet fir den Ament keen eppes vun de Caritas-Responsabelen. Déi eenzeg Ausnam, zanter datt den Detournementsskandal bekannt gouf, war e Communiqué iwwert de Krisecomité, ëm de Christian Billon notamment, deen agesat gouf. E Communiqué dee fir de Rescht vill Informatiounen rëm ginn, huet déi virdrun schonn an der Press stoungen. Interviewufroen gi konsequent ofgewiert. Fir de Rescht waart RTL op d’Äntwerten vun engem Froekatalog, deen d’Redaktioun e Mëttwoch eragereecht huet.

Caritas: Rapport hat schonn am Februar Zweiwel u Kompetenze vu Finanzdirektesch (1.8.24)

Back to Top
CIM LOGO