CaritasRapport hat schonn am Februar Zweiwel u Kompetenze vu Finanzdirektesch

RTL Lëtzebuerg
De Radio 100komma7 huet nei Elementer am Kontext vum Milliounebedruch an Héicht vun 61 Milliounen Euro bei der Caritas publizéiert.
© Bartolomiej Pietrzyk/Shutterstock

Deemno wieren d’Schwaachpunkten an der Finanzgestioun vun der ONG scho virun der Verontreiung bekannt gewiescht. Zejoert hätt d’Caritas en externe Consultant chargéiert, fir de Finanzservice besser opzestellen. Deen hätt bei senge Recommandatiounen ënnert anerem méi kloer Prozeduren am Februar virgestallt, nëmmen e puer Deeg nodeems déi éischt Suen a Spuenien iwwerwise gi wieren. Am Rapport, dee gemaach gouf, hätten d’Mataarbechter och Zweiwel un de Kompetenzen an dem Féierungsstil vun der Finanzdirektesch formuléiert, sou de Radio.

Tëscht Februar a Juli dëst Joer wieren am Ganzen iwwer 100 Viremente vu manner wéi 500.000 Euro fortgaangen. Dës Viremente hätten de Prozeduren no nieft der Finanzcheffin misste vun zwee weidere Membere vun der Generaldirektioun elektronesch ënnerschriwwe ginn. Hei bleift d’Fro, firwat den Detournement net opgefall ass.

D’Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur CSSF dann huet sech den Informatioune vum Radio 100Komma7 no selwer saiséiert, fir d’Roll vun de Banken z’analyséieren, bei deenen d’Finanzcheffin Kreditlinne gezunn huet. Si selwer géif argumentéieren, vun externe Kriminellen erageluecht ginn ze sinn, déi sech mat enger gefälschter E-mail-Adress als Generaldirekter ausginn hätten.

Back to Top
CIM LOGO