D'Police huet e Freideg am fréien Owend zu Rëmeleng e presuméierten Drogendealer kontrolléiert an op der Plaz 100 Gramm Haschisch saiséiert.

Bei enger Perquisitioun goufen donieft ënnert anerem ronn 5 Kilo Haschisch, en illegaalt Messer, 3 Handyen an eng gréisser Zomm Boergeld fonnt. De Mann ass op Uerder vum Parquet festgeholl ginn a koum e Samschdeg de Moien virun den Untersuchungsriichter.

Zu Ettelbréck huet géint 22.40 Auer en alkoholiséierte Mann d'Personal vum Parkhaus bei der Gare belästegt a menacéiert. Hien hätt sech net vun der Police berouege gelooss, heescht et am Bulletin. Hien hätt och nach weider am Policeauto randaléiert ier en an den Arrest komm ass.