Och wann ee just kuerz bei de Bäcker geet oder de Caddie zeréckbréngt, den Auto soll een zouspären an och d'Fënsteren zoumaachen.

D'Police kritt ëmmer rëm Déifställ aus Autoe gemellt, déi net zougespaart waren. Dofir rifft d'Police elo dozou op, den Auto ëmmer zouzespären, och wann ee just kuerz fort ass. D'Täter géifen nämlech ëmmer rëm Wäertgéigestänn, elektronesch Geräter, Poschen a Portmonnie klauen, déi einfach sou am Auto leien. Dobäi géife geüübten Täter systematesch un d'Grëffer vun den Autoe goen, bis si en Auto fannen, deen net zougespaart ass.

Also opgepasst: Späert den Auto zou, maacht d'Fënsteren erop a loosst keng Wäertgéigestänn am Auto leien.

Besonnesch wann den Auto virun der Hausdier steet, kann dëst geféierlech ginn. D'Täter klauen dann heefeg de Garagen- oder Hausschlëssel a kënne sech domat Zougang zu der Wunneng verschafen.