Den Mpox-Virus ass keen neie Virus. 2022 war de Virus schonn eng Kéier opkomm, dëst Joer huet sech eng nei Variant verbreet.

Déi nei Variant ass méi ustiechend a léist ee méi schwéiere Krankheetsverlaf aus. Doropshin huet d‘Weltgesondheetsorganisatioun d'lescht Woch déi héchst Alarmstuf declenchéiert.

Mpox-Variant - E Reportage vum Chris Meisch

Zanter Januar huet sech déi nei Mpox-Variant am Kongo ganz staark ausgebreet. Ronn 30.000 Fäll goufe constatéiert, dovu si méi wéi Dausend Mënsche gestuerwen. Bannent Afrika sinn antëscht 13 Länner vum Virus betraff. An Europa gouf et bis ewell just ee Fall. Déi infizéiert Persoun war viru Kuerzem aus engem afrikanesche Land zeréck a Schweden komm. De Prof. Dr. Claude Muller vum Luxembourg Institute of Health.

„Et ass villäicht wichteg ze soen, dass eeben net all Fäll wierklech erkannt sinn oder erkannt ginn, dat huet domat ze dinn, well et eng Inkubatiounszäit gëtt, dat huet och domat ze dinn, well net alleguer d‘Fäll esou schlëmm sinn, d‘Krankheetsverleef esou schlëmm sinn, dass d‘Leit bei den Dokter ginn an da brauch et jo eng gewëssen Zäit, bis de patognomonëschen Ausschlag gesi gëtt.“

D‘Symptomer vun dëser neier Mpox-Variant sinn am Ufank déi nämmlecht wéi bei enger Gripp. Eréischt méi spéit kréien déi betraffe Persounen eng Zort Hautausschlag, déi sech dann an eng Zort vu Blosen op der Haut entwéckele kann. Sech géint de Virus ze schützen, wier awer net esou schwéier, erkläert de Prof. Dr. Muller.

„Andeem een eebe vermeit, Kierperflëssegkeete mat engem Infizéierten auszetauschen, dat geschitt virun allem duerch sexuelle Kontakt. Typescherweis sinn zumindest 2022 95 Prozent vun den Infizéierte Leit, virun allem Männer, déi eebe Sex mat Männer haten.“

De Virus wier awer immens stabil a kéint am Stullgank an am Erbrachene Wochen a Méint laang iwwerliewen a wier esou laang och infektiéis. Fir de Prof. Dr. Claude Muller steet awer fest, dass et kee Virus fir eng Pandemie ass.

„Virbereedung besteet jo virun allem am individuelle Verhalen, also eng individuell Hygiène an dann eebe Kontakter / Risikokontakter vermeiden, ech mengen da kann eigentlech net ganz vill geschéien."

Bis ewell ginn et keng spezifesch Medikamenter géint Mpox, behandelt gi just Symptomer. Vun der Santé heescht et, dass ee genuch Impfdosissen hätt, wéinst dem gerénge Risk zu Lëtzebuerg wier den Ament awer nach keng Impfcampagne virgesinn.

Persounen, déi mengen, sech infizéiert ze hunn, si gebieden, hiren Dokter ze kontaktéieren oder sech bei der Inspection Sanitaire ze mellen.