De gebiertege Wëlzer war Krichsgeneratioun, zwangsrekrutéiert am "Reichsarbeitsdienst" a Polen, eppes, wat hie säi Liewe laang markéiert huet.

Säi Land huet hien ënnert anerem bei der NATO, awer och an der Sowjetunioun als Ambassadeur vertrueden. Sech an den Déngscht stellen, mat Grousse vun der Welt verkéieren, ouni seng eege Perséinlechkeet opzeginn. Diskretioun a Kombinatioun mat enger gewëssener eleganter Extravaganz, dat huet de Konschtkenner Guy de Muyser Zäit senges Liewens ausgezeechent. D'Decisioun dem Haff ze déngen, hat och autobiographesch an emotional Grënn.

"Den 23. Dezember 1944 an enger däitscher Kasär, ier ech desertéiert sinn, bis dohi konnt ech net an dunn hu mir d'Grande-Duchesse héieren an dat war, wéi wann e Stär am 'Morgenland' géif opgoen!"

Als Haffmarschall hat hie Respekt virun der Traditioun, mee och de Wëllen, d'Monarchie ze moderniséieren.
 
"Ech hunn dermat ugefaang, dass ech dem Grand-Duc sot: 'Monseigneur, wann dir mech engagéiert als Grand Maréchal, duerf ech dann de Grand fale loossen?' Well ech gesinn dat net an, dass am 20. Joerhonnert een, deen eng kleng Administratioun huet, op eemol Grand Maréchal heescht an du koum en e puer Deeg duerno an e sot, bon, da loosst dee Grand falen, mee ech froen iech awer eppes, loosst mir mäi Grand-Duc, sot hien."

Entscheedend Jore waren déi als Ambassadeur zu Moskau perséinlech grad esou wéi geopolitesch, kuerz ier d'Sowjetunioun zesummegebrach ass, huet hien den Doud vun 3 Generalsekretären nach erlieft.

"La terreur dans le sang gouverne ce pays – dat war den Androck, deen ech hat, wéi ech koum..."

Hie war faszinéiert vu Land, Leit a Kultur, säi Verständnis vu senger Aufgab:

"Dieren opzemaachen, Kontakter ze kréien, Kontakter ze ënnerhalen, fir dass, wa sech eng Fro stellt, een de richtege Mann direkt usprieche kann an un déi richteg Leit kënnt."

Dass hie mat de Falsche geschwat hätt, huet him e sowjeteschen Iwwerleefer ënnerstallt an hie bei der CIA als Verréider bezeechent, d'Affär gouf publique a Politikum.

Charel Goerens: "Wann dat, wat den Här de Muyser soll gemaach hunn, des imprudences sinn, dann ass dat, wat d'Regierung a besonnesch den Här Poos sech erlaabt huet, des erreurs monumentales!"

François Colling: "Ech wëll hei just nach eemol ënnersträichen, dass d'Regierung déi Uschëllegungen ni akzeptéiert huet, den Här De Muyser schwätzt dauernd iwwert de Fong vun der Saach, et ass eng Formsaach, et ass net drëm gaang, fir datt Punkt fir Punkt ze widderleeën, d'Regierung huet jo gesot, mir gleewen dat do net, mir zéien den Ambassadeur aus der Schosslinn vum CIA eraus."

Jean Asselborn : "Den Här Guy de Muyser huet näischt vu senger Honorabilitéit agebéisst, hie war an hie bleift eng Perséinlechkeet, déi mir respektéieren an déi mir uechten!"

Och wa seng Integritéit also kloer nees hiergestallt gouf, huet säin Éiergefill enorm gelidden.

Seng Kraaft huet de Guy de Muyser aus senger Famill an der Konscht gezunn an dem intensiven Austausch mat Mënschen, privat an ëffentlech.