No der leschter Renovatioun vun der Bréck huet de Staat der ONG vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten ongeféiere 200 Pottoe geschenkt.

De 24. Juli 1903 ass de Pont Adolphe an der Stad fir den Trafic opgaangen. Wéi déi Nei Bréck, wéi se och nach genannt gëtt, tëscht 2014 an 2017 renovéiert ginn ass, hu Ponts et chaussées a Sites et monuments zesummen decidéiert, d'Balustraden auszewiesselen. Een Deel vun deenen ale Pottoe gouf iwwerdeems gehalen, fir se engem gudden Zweck zouzeféieren.

Déi fréier Ballustrade vum Pont Adolphe gëtt versteet (Reportage Marc Hoscheid)

Datt d'Pottoen iwwerhaapt ersat goufen, hat e puer Grënn. Sou goufen der am Laf vun de Joren ëmmer nees ausgetosch, zum Beispill well se duerch Autosaccidenter beschiedegt gi waren. Dowéinst hu se keen eenheetlecht Bild méi ofginn. En plus goufen an de 60er Jore metalle Stëfter an d'Pottoe gesat, fir se ze fixéieren. Dowéinst wier kloer gewiescht, datt der eng Partie beim Austausche beschiedegt géinge ginn. D'Renovatioun gouf also genotzt, fir déi al Pottoen, déi aus dem franséische Pierre d'Euville hiergestallt waren, duerch där aus Lëtzebuerger Steen ze ersetzen, esou de Marc Ries, Chef de Division de la voirie de Diekirch bei Ponts et chaussées.

"Well eben hautzedaags och d'Moyene bestinn, fir och e Lëtzebuerger Sandsteen, dee vill méi haart ass, fir deen och op CSC-Bänke sou ze dréien, datt deen déi schéi Formen do kritt, hu mer decidéiert, fir dann déi Balustren, zesumme mat Sites et monuments, fir déi ze ersetzen an dann och ee Lëtzebuerger Sandsteen ze huelen, dat war den Iernzener Steen. A fir déi dann eben op Maschinnen hierzestellen."

Vun den am Ganze 500 Pottoe sinn der eng 200 beim Austauschen net futti gaangen. Wéi ee sech d'Fro gestallt huet, wat een domadder maache soll, koum zimmlech séier eng Iddi op.

"Well och Leit op deem Chantier geschafft hunn, déi an Afrika, an der Drëtter Welt, Projete maachen, fir ze soen: 'komm mir sichen eng ONG an da kéinten déi fir de gudden Zweck déngen, fir de gudden Zweck versteet ginn an da kéinte mer wéinstens mat deene Saachen do nach anere Leit hëllefen.'"

Um Enn ass d'Wiel op d'ONG vun de Lëtzebuerger Guiden a Scoute gefall. Dës kruten d'Pottoe vum Staat geschenkt a plangen elo eng Stee ze organiséieren. Am Moment leie se nach an engem Depot vu Ponts et chaussées zu Bettel an der Gemeng Tandel.

Et kënnt iwwerdeems duerchaus méi dacks vir, datt de Staat esou Kaddoe mécht.

"Et läit natierlech ëmmer e bëssi un de Leit, déi de Projet maachen, mee de Pont Adolphe, dat war net déi eenzeg Aktioun, déi mer an esou engem Beräich gestart hate wärend deem Chantier. Dir erënnert Iech vläicht nach un déi grouss Batschen, déi do houngen, fir de Chantier ze schützen, och fir de Schall ze absorbéieren, fir datt manner Kaméidi an och kee Stëbs sollt an den Dall kommen. Och déi sinn un eng Organisatioun verschenkt ginn, déi an der Zäit dorausser Posche gemaach huet oder Lampione fir d'Luuchten."

Wat déi fréier Balustrade vum Pont Adolphe ugeet, sou hätt dës am Fong kee wierkleche Materialwäert. Ma fir Leit mat engem Interessi fir Geschicht kéinten d'Pottoen awer duerchaus een nostalgesche Wäert hunn. De Marc Ries mécht do de Verglach mat Stécker vun der Berliner Mauer.