2015 gouf fir de Site zu Ierpeldeng e Bauprojet presentéiert. Géif et dem Besëtzer vum Terrain nogoen, géifen d'Baggeren nächst Joer lafen.

1957 huet se hire Betrib opgeholl a bis 2010 goufen hei Mëllech a Botter produzéiert. Rieds ass vun der Laduno zu Ierpeldeng. Zanter knapp 15 Joer gëtt an de fréiere Raimlechkeete vun der Laiterie du Nord näischt méi produzéiert a bal genee sou laang gëtt iwwert een Immobiliëprojet, deen um Site realiséiert soll ginn, diskutéiert. Bis elo ass awer nach ëmmer näischt geschitt, ma wann et dem Proprietär vum Terrain no geet, sollen d'nächst Joer d'Baggere rullen.
 
Am Joer 2002 gouf an der Laduno nach fläisseg geschafft. 1980 war d'Produktioun vu Mëllech op Botter ëmgestallt ginn. 
 
Mëttlerweil gëtt déi fréier Molkerei um Bord vun Ierpeldeng ee bëssi méi wüüst Bild of. Vereenzelt gëtt een nach drun erënnert, wat hei fréier hiergestallt gouf. Wat nach iwwreg ass, sollt een awer vläicht besser net méi probéieren. 2015 gouf een Immobiliëprojet presentéiert, deen de Bau vun aacht grousse Gebaier virgesinn hat, ma déi Pläng goufe méi spéit rëm verworf, esou de Gilles Gerard, Direkter vum Bauprojet Laduno.
 
"On s'est aperçu assez rapidement en fait comme le temps avait passé que le projet ne correspondait plus aux attentes de la population, en tout cas des clients potentiels qui voulaient reprendre le projet, parce qu'il y avait pas assez de logement, très peu de logement et beaucoup de commerce, de tertiaire et d'hôtellerie. Donc à partir de 2018 nous avons décidé de requalifier le projet."

De Projet soll elo ëm ee Fënneftel méi kleng ausfalen, wéi am Ufank geplangt. 60 Prozent sollen dem Logement virbehale sinn, dat entsprécht ronn 200 Wunnengen. 30 Prozent sollen iwwerdeems abordabele Wunnraum ginn. 20 Prozent si fir liberal Professioune wéi zum Beispill Dokteren a jee 10 Prozent fir de lokale Commerce an een Hotel virgesinn. Wéini mat der Realisatioun ugefaange gëtt, géing iwwerdeems vun der Gemeng ofhänken.
 
"En fait, nous avons redéposé une modification du plan d'aménagement particulier, qui avait été signé en 2015. Donc si la commune accepte, comme je l'ai dit, on a eu beaucoup de discussions avec la commune, qui aura accepté, nous on a aussi accepté, beaucoup de compromis bien évidemment parce que la commune comme nous veut un projet qui soit pour la population viable, qui soit au bout du jour. Donc j'espère que normalement fin d'année, début de l'année prochaine le PAP pourrait éventuellement être signé"
 
Déi Gemengeresponsabel wiere frou, wa sou séier wéi méiglech mat den Aarbechten um 2,7 Hektar groussen Areal ugefaange kéint ginn. Ma virdru misst awer genee geplangt ginn, esou de Buergermeeschter vun Ierpeldeng-Sauer Claude Gleis.
 
"Hei entsteet just dowidder nach ee ganz ganz grousse Projet, den Nordstadlycée. Mir läit lo um Häerz oder der Gemeng Ierpeldeng läit um Häerz, fir déi do zwee Projeten ze koordinéieren. Ech schwätzen elo un alles wat Reseau ass, alles wat Accès ass bei de Lycée. Ech hätt dat gären elo am Virfeld koordinéiert. Wa mer do derduerch sinn, wa mer deen Exercice gemaach hunn, da wäert d'Gemeng Ierpeldeng och de PAG upassen, well och dee muss ëmgeännert ginn an da wäerte mer natierlech och de PAP an de Gemengerot huelen an hoffentlech stëmmen."
 
Mëttlerweil lount eng Busentreprise d'Gebailechkeete vun der fréierer Laduno. Dee Kontrakt kéint dem Gilles Gerard no awer bannent puer Méint opgeléist ginn. Wann et him no geet, rullen d'Baggere vu Mëtt d'nächst Joer un. Wéini de Projet komplett fäerdeg kéint sinn, ass nach net kloer.