Bei der Majoritéit vun de Fäll goung et dorëm, dass d’Confidentialitéit vun Donnéeën net respektéiert gouf, dass se net verschafft goufen, wéi se sollen.

Weider nach, dass d’Zougangsrecht net agehale ginn ass. Dat si just e puer vun de Chifferen, déi aus dem Bilan vun der CNPD vun zejoert presentéiert goufen. 
 
Haaptaufgabe vun der nationaler Dateschutzkommissioun sinn d’Opklärung iwwert den Dateschutz, d’Sensibilisatioun an d’Hëllefsstellung bei de concernéierten Acteuren. D’Presidentin vun der CNPD, Tine Larsen, sensibiliséiert:
 
"Wat ëmmer méi opkënnt, ass d’Cyberkriminalitéit, Cyberharcelement, Frauden iwwer Internet. Do muss een immens gutt oppassen, noliesen, wiem ee seng Donnéeë gëtt."
 
Wann den Dateschutz net respektéiert gëtt, komme bei der Kommissioun och Notifikatiounen oder Reklamatiounen eran. D’Sujeten, ëm déi et dobäi geet, sinn ënnerschiddlecher Natur, erkläert de Kommissär Thierry Lallemang.
 
"E Klassiker ass d’Videosurveillance. Mee en Gros ass et awer och den Droit d’Accès, deen net respektéiert gëtt. Zum Beispill wann ech Accès op meng Donnéeë froen, an d’Entreprise oder de Responsable de traitement äntwert net. Deen Ament gi mir dann aktiv. An de meeschte Fäll geschitt dann och eppes."
 
E Beispill vun engem Fall, bei deem et zu enger Fuite vu sensibelen Date komm war, ass beim Institut luxembourgeois de régulation (ILR), wou 10.000 Persoune concernéiert waren.
 
"Si hunn eis dat gemellt. Mir hunn hinne gesot, wat se solle maachen. Et hänkt ëmmer dovunner of, wéi de Risk vun enger Fuite fir d’Leit ass. An da mussen d’Leit iwwer de Virfall informéiert ginn."
 
Zanter e puer Méint huet d'CNPD dann och e gesécherte Kanal fir Whistleblower ageriicht. Iwwert den Erfolleg dovunner kéint een awer bis elo nach näischt soen. De Chiffer vu Meldunge wier awer nach ganz kleng.