De Welt-Kiné-Dag stellt de Bobo vum Joerhonnert an de Mëttelpunkt
D'Lombalgie ass souguer Nummer eent vun den Ursaachen, wisou d'Leit an hirem Alldag oder op der Aarbecht ausfalen, esou d'Carmen Glod.
"Et kann een 2020 aus enger Studie erausliesen, datt all 13. Persoun un enger Lombalgie, also un ënneschtem Réckwéi leit", esou d’Carmen Glod vun der Lëtzebuerger Associatioun vun de Kinéen.
Eng vun den Haaptursaachen fir e Lumbago, also Wéi am ënneschten Deel vum Réck ass, dass mer Dag an, Dag aus vill Zäit am sëtzen, um Büro verbréngen, an dat net onbedéngt an där beschter Positioun. A mir beweegen ons och net genuch. Als Konsequenz, ass quasi all Mënsch eng Kéier a sengem Liewen mat enger Lombalgie a Kontakt.
Dacks sinn et einfach Exercicer, déi een ouni vill spezifescht Material zu all Moment Doheem oder souguer um Büro maache kann, déi hëllefen. Wann de Wéi unhält, soll ee bei en Dokter, respektiv Kiné goen, deen engem dann hëlleft, säin eegenen Therapeut ze ginn.
"Et ass esou, dass ee wierklech muss dru schaffen. Vill Leit mengen, ech loosse mech gutt masséieren, dat deet gutt. Dat hëlleft och vläicht de Moment selwer. Mee d'Wierkung, déi léisst séier no. An do ass et wichteg mam Kiné ze kucken e wierkleche Programm opzebauen, mat 4 bis 6 Übungen, déi een doheem dann och kann nohuelen. Déi ee ka selwer maachen an dann ass et esou, dass mer de Kiné net all Dag musse besichen, well ee säin eegenen Therapeut gëtt."
Um Samschdeg konnten d'Leit de Kinéen an engem groussen Akafszenter bei hirer Aarbecht iwwer d'Schëller kucken an am Gespréich och no Rot froen. Villäicht war et och fir deen een oder aneren e wéineg iwwerraschend, um Samschdegnomëtteg, spontan op de Bobo vum Joerhonnert ugeschwat ze ginn.
Preventiv sinn et Detailer déi spillen. Vun der ergonomescher Sëtzpositioun, d'Knéien an d'Hëftgelenk an enger 90-Grad-Wénkel-Positioun. Den Ecran op der Héicht vum Kapp. U sech ganz einfach Rotschléi.
D’Carmen Glod réit zum Beispill: "Wichteg ass och, dass een net aacht Stonnen um Stéck sëtze bleift, mee sech reegelméisseg beweegt. Och mol eng Kéier sech streckt oder de Kapp an eng aner Richtung dréit wéi op de Computer."