Bannent 2 Stonne koum et um Sonndeg uechter Lëtzebuerg zu 3 Accidenter, bei deenen all Kéiers eng Persoun verwonnt gouf.

Géint 11.45 Auer huet et op der A3 tëscht Léiweng an dem Beetebuerger Kräiz gerabbelt. En Auto war hei bäigaangen.

Géint 13.15 Auer ass tëscht Ueschdref a Bauschelt e Motocyclist mat senger Maschinn gefall.

Kuerz viru 14 Auer koum et tëscht Käerjeng a Kënzeg zu engem Accident mat engem Auto.

Bei all dësen Accidenter gouf wéi gesot jeeweils eng Persoun verwonnt.