Alkoholiséierte Mann belästegt Rettungsdéngschter wärend hirer Aarbecht
© RTL Archiv
E Sonndeg koum et zu zwee Fäll, bei deenen all Kéiers Alkohol am Spill war. A béide Fäll koum eng Persoun an Arrest.
E Sonndeg am Nomëtteg gouf e Mann, dee wuel ze vill gedronk hat, an der Grand Rue zu Ettelbréck gemellt, dee Clienten vun engem Café belästegt hätt a refuséiert hätt, d'Plaz ze verloossen. Policebeamte konnten de Mann nach op der Plaz untreffen an hunn hien doropshin opgefuerdert, d'Plaz ze verloossen. Och wann dat ufanks geklappt hat, ass de Mann kuerz drop nees am Café opgedaucht an huet ugefaangen, d'Personal ze menacéieren. Well de Mann opgrond vu sengem Zoustand eng Gefor fir sech selwer an aner Persounen duergestallt huet, koum hien an Arrest. Hie gouf wéinst Menacen a Beamtebeleidegung protokolléiert.
Änlech dernieft huet en alkoholiséierte Mann sech dann e Sonndeg den Owend zu Gréiwemaacher beholl. Dëse gouf säitens de Rettungsdéngschter gemellt, well hien dës bei hirer Aarbecht belästegt huet. De Mann gouf du vun der Police opgefuerdert, dëst sinn ze loossen, ma hien huet sech de Beamte géigeniwwer allerdéngs onkooperativ verhalen. Och hie koum opgrond vu sengem Zoustand an den Arrest.