Den Edy Mertens stéiert sech drun, datt d'Äntwert sech sou liese géing, wéi wann de CGDIS un d'Gemeng erugetruede wier...

Dobäi wier et genee ëmgedréint gewiescht. D'Gemeng hätt de CGDIS kontaktéiert, fir iwwert de Bau vun enger neier Pompjeeskasär op engem 1 Hektar grousse Site tëscht der Industriezone an der N12 ze schwätzen. Iwwert een Heliport hätt ee sech iwwerdeems net mam CGDIS ausgetosch. Et wier awer eng Ufro beim Ëmweltministère gemaach ginn, fir d'Kasär an den Heliport um selwechte Site ze bauen.

Den Edy Mertens

Den Edy Mertens, Buergermeeschter vun Ëlwen: "Dat war nach ënnert der viregter Minister Welfring, hu mer déi Demande an den Ëmweltministère gemaach an do krute mer lo am Mee oder Abrëll d'Äntwert vum neie Minister, wou gesot gouf, dat geet esou net, well CGDIS an Heliport musse strikt getrennt sinn."

Elo misst d'Gemeng nei Etuden, dorënner eng strategesch Ëmweltprüfung, fir d'Pompjeeskasär maache loossen. D'Air Rescue misst hirersäits selwer eng Demande fir den Heliport areechen. Datt een d'Kasär um Site mam Numm "Op Stackem" geneemegt kritt, do weist den Edy Mertens sech optimistesch: "Den Här Inneminister, den Här Gloden, war selwer mat mir perséinlech op d'Plaz kucken an huet gemengt, dat wier wierklech eng Iddi, fir do d'CGDIS-Gebai opzeriichten, well eis Leit vum CGDIS do méi no un der N12 leien, wa se Übunge maachen, de Kaméidi."

Wat den Heliport ugeet, wier een als Gemeng Demandeur, fir de Rettungshelikopter op Ëlwen ze kréien. Eng zweet Landeplaz am Norde wier wichteg fir déi medezinesch Versuergung. An ëmmerhi wier den Air Rescue-Grënner René Closter jo och vun Ëlwen.